D’CD ass ukomm. Merci un den Thorben. An ech fannen den Aband wonnerbar kreativ, an weess, dass de der eppes dobäi geduecht hues. Bass e gudde Jong, mee soll ech der déng Noten zum Homo Faber an déng Mathé net besser zréchschécken?

Also, ech hale mech nach zréck et ze läuschteren. Den Owend, 16.10.07, ab 21:00 CET (20:00 GWT) gëtt “In Rainbows vu Radiohead an dësem Post livegebloggt.

Wann eppes net funktionnéiert: Kommentarfunktioun benotzen, ech liesen déi sporadesch duerch. Haalt iech mat Kommentarer zum Geschriwwenen also w.e.g. bis zum Schluss zréck, well ech soss eventuell net méi 100 Pro nokommen.

In Rainbows

00:00 A knapp 5 Minute geet et lass. Ech sëtzen hei, viru méngem Macbook, a méngem “intelligence floats my boat” T-Shirt, mat enger Fläsch Waasser, a läuschtren “Hail to the Thief zur Astëmmung. Na 4 Minuten.

#01 15 Steps

00:05 Wat en Optakt, mir ginn direkt dran.
00:27 Getrommels, Beats, mam Thom sénger Stëmm. Sou wäit ganz okay.
00:41 Hei den Jonny ass o na dobäi a léisst eppes héiren. Ongewinnt roueg, mee bal schon ze positiv Téin vu Radiohead.
01:51 Rhthmuswiessel ugetäuscht, mee net vollzunn.
02:20 Uh, dat huet net gutt geklong, ekleg Stëmm schalen ze lossen.
02:30 An do ass de Rhythmuswiessel.
03:23 Kléngt lo no engem richtegen Radiohead-Lidd. einfa schéi komesch, a keng Aanung wat do geschitt. Mee de Pepp vum Ufank ass verflunn.

#02 Bodysnatchers

00:27 Dat knarzt. Fein.
00:45 I have no idea what I’m talking about. Gutt sou, mir gefällt et.
01:14 Wat ass dat da fir e Gegrommels?
01:37 Insgesamt rem komesch. Elektronesch, mee ouni d’Kraaft vun “Kid A” oder “Amnesiac” bis elo.
02:09 Rhythmuswiessel…
02:47 … bréngt o net vill méi…
03:09 … ah “There There” Drums a Gitaren, wou war déi Intensitéit virdrun? Top dat do.

#03 Nude

00:21 Rouegen Optakt, Sträicherkléng. Schéin.
00:48 Dem Thom séng Stëmm, wonnerbar.
01:19 Eng eenzel Gitar setzt an zu de spärleche Beats an dem Thom sénger dominanter Stëmm. Wonnerschéin, bis elo.
02:33 Do sinn d’Sträicher rem.
02:46 Liicht hiewt de Volume un…
03:09 an end an engem immens laang gezunnenen Toun vum Thom.
03:46 En Highlight, dat Lidd.

#04 Weird Fishes/Arpeggi

00:07 Wow, Postpunkdrums.
00:44 An eng liicht Gitar, kaum Elektronik. Bal wéi an de “Virgin Suicides”, déi Ambiance.
01:46 Et geet sou weider, absolut net langweileg. Dem Thom séng Stëmm gewënnt rem un Drénglechkeet.
02:26 Den Tempo gëtt erhéicht, dat do läuschtert sech säugutt.
03:04 éischte Klimax.
03:43 A lo gëtt et düster…
04:31 Iergendwéi verléiert sech lo alles, d’Lidd fällt auserneen, mee wuel ongewollt…

#05 All I Need

00:23 Rouegen Elektrooptakt.
00:34 Robotergeräicher am Hannergrond, kléngt no engem Super Nintendospill…
01:43 Bis elo war guer näicht geschitt, mee hei: e Glackespill. Top Geschir.
02:27 A lo ass et och rem fort.
02:48 Aaaah, Piano, fein kléngt dat.
02:57 An méi Drums braucht d’Land: richteg sou. Gutt gema.
03:26 An do ass och rem d’Glackespill… mee déi Minut kann net iwwert e schwaacht Lidd wegtäuschen.

#06 Faust Arp

00:27 “Road Tripping” vun den Chili Peppers?
00:59 Naja, bal. Ass jo awer e gutt Lidd. Ongewinnte Kläng vu Radiohead.
01:43 Bis elo alles konstant. Just d’Sträicher gi lo méi imposant. Kléngt ganz anstänneg.

#07 Reckoner

00:36 Dat do ass e ganz anstännege Beat.
00:57 An do ass och den Thom.
01:19 Wéi am Kanon setzen d’Instrumenter an, wierklech schéinen Effort.
02:23 Nodeem sech dat alles schéi gesteigert huet, kënnt hei den obligatoreschen radioheadesquen Rhythmuswiessel.
02:54 Déi Sträicher sinn zevill.
03:07 Nee, awer net.
03:19 Yes, déi Rëselen, oder wat et ass (Computer wuel), komme lo genee richteg… dat nennen ech Kompositioun.
04:36 Musék gëtt säit den 90er net méi ausgeblend, dat maache just na Traditionaliste wéi Tocotronic a Radiohead, ech haassen et… mee d’Bands si gutt.

#08 House of Cards

00:38 Vill kann een dozou net soen. Zimmlech fad.
01:00 “I don’t wanna be your friend. I just wanna be your lover.” *houscht*
01:34 Dat do gëtt net besser. Beschreiwe kann een et net.
02:37 Nach ëmmer nämlechten Tempo, nämlechte langweilegen, onspiréierte Sound, just heinsdo Zuggeräicher oder sou am Hannergrond…
03:45 Lo huet sech eppes geännert, an zwar ass dat, wat ech fir Zuggeräicher gehal hunn méi haart ginn. Et ware keng, mee lo kléngt et besser, well se vun dem nulle Rhythmus oflenken. An dee wiesselt ganz ontypesch net…

#09 Jigsaw Falling Into Place

00:12 Ah, dat kléngt jo mol no eppes. Tiptop, eng Gitar.
00:26 An Drums, e méi séiere Rhythmus. Ganz fein Leeschtung, momentan.
01:00 Oh hei, den Thom, mol net ganz héich, kléngt iwwerzeegend. Staarkt Stéck momentan.
01:44 Dat do ass Radiohead no méngem Gout.
02:20 Souerstëmm. Méi dovun, ma virun.
03:13 Dëst Lidd weist Radiohead an Héichform. Live sécherlech en extremt Erliewnis, well net ze däischter an energiegelueden. An méi traditionell Téin. I like.

#10 Videotape

00:06 Piano, schéi, knapp Melodie.
00:20 Den Thom, balladesk Téin? Ech gleewen et kaum.
01:21 Schéin, a lo ganz lues d’Drums komme lossen. Sou ass et richteg. Wéi e Marsch kléngt et. Sensationell.
02:24 Dat do ass traureg, roueg, a sou schéin.
03:19 Staark, e bëssen, awer just ganz wéineg den Tempo unzéien. Dat ass richteg sou.
04:22 Féck, ass dat do gutt. Hal niemols op, Lidd!
04:32 Ohhhh….

Conclusioun: em puer Saachen hu mer net sou gutt gefall, mee hey et ass Radiohead, gitt mer 1 bis 2 Joer Zäit, a wann ech et dann na net gutt fannen, diskutéire mer nach eng Kéier iwwert mäi Goût am Allgemengen. Spontan Lieblingslidder: “Videotape”, “Nude” an “Jigsaw Falling into Place”.

Gutt Nuecht, a merci fir ärt Interesse.