
Vu dass, ech gesot krut, dass éischtens Interesse un den Oscars besteet an zweetens, ech méi schreiwe soll, fänken ech haut da mol mat engem Introduktiounsstéck fir d’Oscars un.
D’Oscars wierklech verfollegen, fänkt net mat der Red Carpet Show un an hält mam Schluss vun der Telésemissioun op. Nee, et heescht e ganzt Joer laang Artikel liesen, spekuléiren, Theorien opstellen, a mat aneren, wéi och mat sech selwer streiden, wat a virun allem wéi d’Academy wielt. Eng wichteg Saach däerf een dobäi nie vergiessen: Kee wees iergendeppes. Well och wa jidderee mengt, en hätt se duerchkuckt, mer ginn dach all Joer nees iwwerrascht mat sensationelle Gewënner an Nominéirungen. An natierlech och mat kierperlech Péng verursaachenden Omissiounen.
Och dëst Joer ginn et rem eng ganz Rei, sougenannte “Frontrunners” also grouss Kandidaten fir Trophäen anzeheimsen. Un éischter Plaz ass do natierlech Atonement z’erwienen, e Film, dee méi wéi 10 Nominéirunge kréie kéint, wat an de läschten 10 Joer net virkomm ass. Et ass souzesoen e klasseschen Oscar-Film, well en d’Häerz usprëcht a bombastesch, genee sou wéi déi roueg, heemlech Biller weist. Mee dat kéint awer och séng grouss Schwächt sinn, well d’Academy numol an der läscht sech geweigert huet sou ze denken, wéi jiddereen et vun hinnen erwaart (cf.”Dreamgirls” a “Cold Mountain”). Mee ech erwaarden Nominéirungen a Kategorien wéi beschte Film, Regie (Joe Wright),Haaptduersteller (James McAvoy), Haaptduerstellerin (Keira Knightley), Niewenduerstellerin (Saoirse Ronan, Vanessa Redgrave, oder Romola Garai), adaptéiert Dréibuch, Kamera, Schnëtt, Filmmusék, Art Direction, Kostümer, oder souger am Sound Mixing: alles ass dran.
Als zweete vill genannte Film nieft “Atonement” trëfft een ëmmer rem op den neie Film vun de Coen Bridder No Country for Old Men, dee se nom Succès vu “Fargo” 1997 zréck an d’Spur bruecht huet. Des Adaptatioun vum Cormac McCarthy séngem Roman iwwert e Mann, dee vill Geld fënnt (Josh Brolin), dee vun engem Mann gejuegt gëtt, dee säi Geld wëll (Javier Bardem), dee scho rem vun engem Polizist gejuegt gëtt (T.L. Jones) huet ze Cannes an och dono bei de Kritiker groussen Uklang fonnt. Zemols de Javier Bardem soll genial sinn. Och d’Kameraféirung an de Schnëtt sollen vum Feinste sinn.
Als drëtte ganz grousse Film däerf wuel There Will Be Blood gezielt ginn, den neiste Film vum Paul Thomas Anderson. Den Daniel Day-Lewis geet wuel als Favorit fir den Oscar als beschten Haaptduersteeler an d’Course. Méi zum Film hei.
Des Weideren bréngen dräi al Meeschteren dëst Joer nei Filmer raus, déi ze beuchte sinn dierften. Als éischt wier do de Ridley Scott (“Blade Runner”, “Gladiator”), dee mat séngem American Gangster den Denzel Washington an de Russell Crowe virun der Kamera vereent. Dëst ass e klassesche Gangster-Epos, wéi et och de läschtjoerege Gewënner “The Departed” war. Rem eng Kéier gi sech Gangster (Washington) a Polizist (Crowe) géigeniwwer gestalt. Mee obwuel de Film eigentlech positiv Reviews krut, kommen ëmmer méi Zweifel op, ob de Film um Schluss net mat komplett eidelen Hänn dosteet. Am Zweifelsfall dierften den Denzel Washington an d’Kameraféirung nach ëmmer am Spill sinn.
Ganz anescht sinn déi meescht éier dovunner iwwerzeegt, dass den Sydney Lumet mat séngem Before the Devil Knows You’re Dead e Retour zu aler Form an zum Kodak Theatre gepackt huet. Et geet em zwee Bridder (P.S. Hoffman an Ethan Hawke), déi e Crime begaang hunn an am Rescht vum Film versichen, dësen iergendwéi ze veraarbechten. D’Chance fir dem Sydne Lumet séng Regie, genee sou wéi fir den fir “Capote” 2006 ausgezeechenten Hoffman, Nominéirungen anzeheimse sollen net schlecht stoen. Den Ethan Hawke dierft och net ganz z’ignoréire sinn.
Eng weider staark Leeschtung vum Philip Seymour Hoffman versprëcht dem Mike Nichols (“The Graduate”) säin Charlie Wilson’s War. Mat vill Ironie erzielt den Nichols d’Geschicht vum Charlie Wilson (Tom Hanks), engem amerikanesche Kongressmann, deen an den 80er Joeren héchstperséinlech an ouni iergendeng Muecht zesumme mat der Besëtzerin vun enger grousser Waffefirma (Julia Roberts), d’Afghanen mat Waffe fir de Krich géint d’Sowjets ausgeriicht huet. Wann dem Mike Nichols et geléngt déi geballte Starpower vu sénge Schauspiller mat der ouni Zweifel interessanter Geschicht ze kräizen, kéint de Film extrem vill gewannen. Vum beschte Film, iwwer Präisser fir Schauspiller, Regisseur an Auteur bis hin zu der Kameraféirung an dem Schnëtt.
Vu dass dem Nichols säi Film mat enger gudder Pris Humor gewierzt ass, kéint en d’Plaz fir den bal all Joer verginnen Nominéirungsslot fir e lëschtege Film anhuelen. En anere Film, deem ech dëst zoutrauen ass dem Jason Reitman säin Juno, en Independent Film iwwert eng Teenagerschwangerschaft, dee sech nom Toronto International Film Festival als serieux ze huelende Kandidat mausert. Nominéirunge fir d’Diablo Cody (orig. Dréibuch) an d’Ellen Page (Haaptactrice) missten dra sinn.

E weidere lëschtege Film, deem ech awer manner zoutrauen dierft Lars and the Real Girl mam Ryan Gosling sinn, deen ëmmerhin d’läscht Joer fir säin exzellenten Optrëtt an “Half Nelson” mat enger Nominéirung gewierdegt gouf. Wann d’Academy hee wierklech an d’Häerz geschloss huet, dierf en sech dëst Joer nees iwwert soueng freen. Mee d’Academy huet et eben net sou domadder jonk Männer auszezeechnen, dofir sinn dem James McAvoy séng Chancen fir “Atonement” och éier geréng.
Nach eng Comédie, déi een net ënnerschätzen dierf ass The Savages, op déi de Grommel viru laanger Zäit scho mol opmierksam gema huet. Rem eng Kéier ass de Philip Seymour Hoffman u Bord, a spillt mam Laura Linney Brudder a Schwëster, déi sech em hire kranke Papp (Phili Bosco) këmmeren. Nieft dem originalen Dréibuch dierf ee wuel net iwwerrascht sinn, wann um Schluss allendräi Savages fir den Oscar nominéiert sinn.
De Problem vu Comédien ass oft, dass se ze kleng sinn, an dofir wéineg Beuechtung kréien. Den nämlechte Problem kéint e weideren Indie hunn, an zwar de vu Kritiker bewonnerten Once, iwwert zwee verléifte Muséker. Vu dass d’Schauspiller, genee sou wéi d’ganz Team relativ onbekannt sinn, kënnt de Film eigentlech just fir d’original Dréibuch an fir d’Original Songs a Fro. E weidere Film iwwer Musék, Control, kéint eventuell mat Chance Nominéirungen fir de Sam Riley oder d’Samantha Morton kréien. Aner kleng Filmer déi eventuell Nominéirunge kréie kéinten, sinn zum Beispill dem Ben Affleck säin Regiedebut Gone Baby Gone, Grace is Gone mam John Cusack oder virun allem dem Julian Schnabel säin exzellenten Le Scaphandre et le Papillon, deen ze Cannes mam Präiss fir d’bescht Regie ausgezeechent gouf.
De Fim handelt vum fréiren Editeur vun “Elle”, deen no engem Accident gelähmt ass a just na een A bewege kann. Op déi Aart a Weis diktéiert en e Buch iwwert Liewen mat sénger Behënnerung. Ze beuechten dierften nieft dem Schnabel sénger Regie och d,Dréibuchadaptatioun an de Max von Sydow sinn.
Eng Rei gréisser Filmer schéngen dogéinter sech schwindende Chancen ausgestallt ze gesinn, zum Beispill dem James Mangold säin 3:10 to Yuma, The Assassination of Jesse James by the Coward Robert Ford mam Brad Pitt, The Kite Runner vum Marc Forster oder och In the Valley of Elah vum Paul Haggis. Déi éischt zwee si Western, mee d’Interesse un hinnen ass trotz ganz gudde Kritiken momentan staark ofsteigend. Déi aner zwee handelen engersäits vun engem Vergewaltegungsdrama am Afghanistan an anerersäits vun engem Zaldot, deen aus dem Irak remkënnt an embruecht gëtt, wouropshin säi Papp no den Ursaachen dovunner sicht. Déi zwee Filmer sollen einfa net gutt genug sinn, fir Opmierksamkeet ze verdéngen. Des Weideren hu mer nach dem Sean Penn säin Into the Wild, eng Jon Krakauer Adaptatioun, däer ech einfach net besonneg vill zoutrauen.
Als ganz wahrscheinleche Kandidat fir vill Nominéirungen kann een awer zum Beispill Michael Clayton gesinn, e Film iwwert en Afekot, deen iwwert d’korrupt Macheschafte vu sénger Firma rausfënnt an déi ënnersicht. Firwat soll e Film, dee sou no TV-Film kléngt nominéiert ginn? Ganz einfach: 1. George Clooney. 2. De Film soll extrem gutt sinn. 3. George Clooney.
Da wier do nach den extrem konfusen Film iwwert de Bob Dylan, an deem him säin Numm net mol fällt I’m not there. D’Chancen, dass iergendeen aus der Academy de Film kucke geet sti schlecht, a wann dac, da versteet keen en. Wann eng Nominéirung rausspréngt, an dovunner ginn ech lo trotzdem aus, dann ass et fir d’Cate Blanchett, wat niewebäi nach fir den anscheinend grotteschlechte Sequel zu “Elizabeth” The Golden Age nominéiert gi kéint.
Schliesslech wier do nach e ganz schwierege Fall: dem Tim Burton säin Sweeney Todd. Dëse gëtt entweder en Top oder e Flop, dotëscht gëtt et näicht. A vu dass d’Academy kee grousse Burton-Fan ass, gëtt et emsou méi schwiereg. De Johnny Depp dierft allerdéngs genee sou Chancen hu wéi d’Helena Bonham Carter. Dovun ofgesinn bitt de Film eppes fir all d’technesch Kategorien an dierft do bei Succès méi wéi eng Kéier vertruede sinn.
Weider Filmer fir d’technesch Kategorien? Hairspray, Mr. Magorium’s Wonder Emporium, Spider-Man 3, Pirates of the Caribbean 3, The Golden Compass a virun allem och Transformers. Am animéierte Beräich geet wuel näicht u Ratatouille an de Simpsons laanscht, während Persepolis fir en iwwerraschende, mee verdéngten drëtte Slot a Betruecht kënnt. “Ratatouille” dierf sech wuel och Chancen op d’bescht original Dréibuch ausman, “Persepolis” ass d’franséisch Submissioun fir den auslännesche Film.
Den auslännesche Film huet och dëst Joer mat “Perl oder Pica” rem e lëtzebuergesche Contender. Chance sinn em awer null auszerechnen, wann et géint Kaliber weei eben “Persepolis”, de spueneschen El Orfanato oder den däitsche Bäitrag vum Fatih Akin geet. Iwwert déi net amerikanesch Filmer muss ech méi informéiren, mee den absoluten Hit dierft de Gewënner vu Cannes sinn, de rumänesche Bäitrag 4 Luni, 3 saptamini si 2 zile.

Sou dat war et mol fir den Ufank. Lo wësst der wéieng Filmer der kucke goe sollt dësen Hierscht, mee et kommen der natierlech nach vun iergendwou dobäi. Vill Freed mat de Filmer, a vergiesst net: kee weess iergendeppes.

ma ech intresseiren mech grad terribel fir den 4 Months, 3 Weeks and 2 Days.Hun am Januar hei zu Wien Referat iwwert den Dekret 770.Falls du iergendwelch Infoen hues zum Film oder (jo, ech dreemen) Literaturvirschlei, hei sin ech.
Fir de Rescht, ech freen mech op “No Country for Old Men”, natierlech op den Daniel Day-Lewis an komplett objektiv op deen Typ aus dem “Half Nelson” (Hallllooo:-D).
Sweeney Todd muss eh’sin, och ouni Oscar Nomineierung.
De Sean Penn as mer als Regisseur zu menger Schaan mol nie opgefall, dobai vergötteren ech en op eiweg weinst sengem Sprong aus der Fenster am “She’s so lovely”
bla.
:-)
Lo hat ech geduecht, ech géif wéinstens e Luew kréin wéinst ménge schéine Fotoen. Mee alles, wat ech der zum Film bidde kann si wuel Reviews. Ob s de domadder awer vill ufänke kanns…
Chris, d’Fotoen sin schein.
:-)
an merci awer.an ech si gespaant op deng Meenung zur neier Radiohead.ech fir main Deel sin wait dervun ewech se an den Himmel ze luewen.autsch.
:-)
Respekt! Du hëlls der jo ausféierlëch Zäit dofir :)
An dat erennert mech un den ‘The Savages’! Muss mol kucken, op een deen schon irgendwou kritt …
Brauchs de net ze kucken, e leeft na net mol an den USA, kënnt do Ufank Dezember.