Endlech fannen ech e bëssen Zäit fir dass et viru geet. A muer kënnt wuel säit ganz laanger Zäit mol nees eng Filmkritik op de Pianocktail. Méi dozou: muer.
#150 Belle & Sebastian – The State I Am In
Lëschtegen Zoufall, dass den éischte Bäitrag aus dem schéine Schottland mat der beschter schottescher Band ufänkt. A Gott, wat hunn d’Schotte Belle & Sebastian gäer, dat gleeft ee kaum. Mat Recht.
#149 Bloc Party – Banquet
D’Aart a Weis, wéi bei Bloc Party d’Gitaren géintenee spillen, gedriwwe vum pulséirende Bass an den upäitschenden Drums ass sensationell an a kengem Lidd fënnt een dat sou gutt, wéi a “Banquet”. Cause I’m on fire.
#148 The Jimi Hendrix Experience – All along the watchtower
Wat hunn ech mer dann deen Dag geduecht? Keng Aanung, mee schlecht ass et jo net.
#147 Oasis – Slide away
Aaaah, Oasis. “Slide away” geet oft ënner, wann d’Leit vun “Definitely Maybe” schwätzen, mee firwat? Den Intro ass brillant, an och de Rescht ass Oasis op allerhéchstem Niveau.
#146 Ryan Adams – Wonderwall
Uuh, vun de läschten dräi Lidder waren der zwee Coverversiounen. An dëst Lidd ass e Cover vun der eenzeger vun den 3 erwiente Gruppen, déi net gecovert huet. Oder sou ähnlech. D’Lidd ass sou gutt, dass den Noel dem Ryan Adams séng Versioun op Concerte léiwer spillt wéi séng eegen. Sou wäit géif ech dann awer net goen.
#145 Eminem feat. Dido – Stan
Do gëtt ee richteg nostalgesch. Dat interessant un deem Lidd awer ass, dass ech et gelauschtert hunn, wéi ech keen Englesch konnt a well et sou deskriptiv ass iwwer d’Joeren rausfonnt hunn, wat den Eminem an däer fierchterlech traureger Geschicht z’erzielen huet. Wier séng Musék haut nach op deem Niveau…
#144 Justice vs. Simian – We are your friends
You’ll never be alone again, well come on, come on, come on. An dat eng véirel Stonn laang. Da léiert een d’Liewen ze schätzen.
#143 Iggy Pop – Lust for Life
Manner wéinst dem Lidd, wat gutt ass, méi wéinst dem Intro vun “Trainspotting”, wat genial ass.
#142 The Buzzcocks – Ever fallen in love?
Dat Lidd hat ech scho rem anz vergiess, mee firwat eigentlech? Ass dach super. Schued, dass se keen zweet Lidd vun deem Kalber rausbruecht hunn.
#141 Kraftwerk – Das Model
Och wann ech “Autobahn” ganz vill gäer hunn, sou gesinn ech “Das Model” awer ëmmer als dat beschte Wierk vun deene verréckte Preisen un, déi d’Musék revolutionnéiert hunn.
#140 Kettcar – 48 Stunden
D’Lidd huet vill u Reiz verluer, zënter dass den Thorben mer gesot huet, dass et fir den Thees Uhlmann geschriwwen ass, mee besser fir en, wéi vun em geschriwwe, gell? Textlech ganz grousse Kino + dem Marcus Wiebusch séng immens Stëmm.
#139 Run DMC vs. Aerosmith – Walk this way
Wann ee Saache mecht, déi een net mësche soll, kënnt oft eppes Wonnerbares dobäi raus. Sou och bei dësem Beispill vu Crossover, deen den Jay-Z a Linkin Park ouni Erfolleg probéiert hunn, nozemaachen. Iwwerloosst dat neechste Kéier de Groussen.
#138 The Cure – Lullaby
Ech sinn e grousse Fan vun The Cure, wéi der vläicht wësst an dat “Lullaby” genannte Schauermärchen hei, ass besonneg interessant, opgrond vun der wéi e Schloflidd engem net aus dem Kapp wëllender Melodie.
#137 The Police – Every Breath You Take
Einfach nëmme legendär, a sou gutt, dass net mol de Puff daddy et verschandele konnt.
#136 The Arcade Fire – Neighbourhood #1 (Tunnels)
De Piano um Ufank, den Text, dem Win Butler séng Stëmm, déi sech ëmmer méi steigert, d’Zesummespill vun der beschter Band vum 21. Joerhonnert: alles dat steigert sech an dësem wonnerbare Lidd zu enger Sinfonie vu Gléck, déi ee seele bei Musék verspiert.
#135 Kate Bush – Running up that hill
Dat Lidd passt gutt zu ménger momentane Situatioun, well ech all Dag en Hiwwel ropgoe muss fir heem. Mee och an anere Liewenslagen, ass ëmmer op dat Lidd verlooss.
#134 Grandmaster Flash and the Furious Five – The Message
Allgemeng gëllt dat Lidd als dat éischt erfollegräicht HipHop-Lidd. Mee net just dowéinst, mee och wéinst dem wierklech immense musikalesche Wert, ass dat Lidd e Must fir all Top-Lëscht.
#133 The Arcade Fire – Intervention
Scho rem déi beschte Band vum neie Joerdausend. Déi pompös Uergel, agespillt an enger extra dofir gelountener Kiirch, begleet dem Win Butler säin Text iwwert de Krich perfekt, wéi e Militärmarsch.
#132 Oasis – Hello
Extrem ofwiesslungsräich war ech wuel wéi ech bei dësem Deel vun der Lëscht ukomm sinn. Egal “Hello” ass de genialen Opener vum beschten Album aller Zäiten. An Oasis kéinten och nach eng Kéier sou oft op der Lëscht optauchen, ouni dass e schlecht Lidd dobäi wier.
#131 The Beatles – All you need is love
An d’Beatles dierfen natierlech och a kengem vun de Segmenter feelen. Vun de Beatles kéinte 6 mol sou vil Lidder an der Lëscht sinn, an et wier nach keent dobäi wat qualitativ net mathale kéint.
#130 Simon & Garfunkel – The Boxer
Alleng wéinst dem Geräich, wat no all “Leilelei” kënnt hunn ech dat Lidd gäer. Dat “Psch” ass dat witzegste Geräich an der Musékgeschicht.
#129 U2 – Sunday Bloody Sunday
#128 U2 – Sweetest Thing
U2 gëtt oft onrecht gedon, wéi ech fannen. Oft gi se als Kommerz, oder soss iergendeppes kritiséiert, mee a méngen Aen ass dat Quatsch. Och wann hir nei Lidder Stadionrock sinn, a fir virun 100000 Leit gespillt ze ginn, geschriwwe sinn, mee hiert Material aus den 80er ass brillant.
#127 Nouvelle Vague – Love will tear us apart
E Cover vun Joy Division. Iwwerhaapt gouf et vill Covers an dësem Ofschnëtt. Mee wa se vun dëser Qualitéit sinn: bring it on.
#126 Sonic Youth – Teenage Riot
Den Ufank vum legendären “Daydream Nation” ass en ezellenten Ausdrock vu Kraaft, an naja… Riot. Schued, dass Sonic Youth, genee sou wéi d’Pixies, nie de Respekt kruten, deen Nirvana, déi hir Musék wëll bei deenen zwee Bands zesummegeklaut hunn, bis haut genéisst.

Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.