E bëssen iwwer Film schreiwen, muss och rem dra sinn.

Wann iergendee mech freet, wee mäi léifste Filmregisseur ass, da fale mer spontan dräi Nimm an: de Woody Allen an de Stanley Kubrick si Legende vum Geschäft, a stoussen an eng Gesellschaft vun illustren Nimm wéi Kurosawa, Fellini, Bergman, Welles, Hitchcock, Scorsese oder Coppola. Ech kéint nach viru fueren, zum Beispill, mat de grousse Fransousen, den Däitschen aus den 30er oder och dem oft kritiséierte Steven Spielberg. Punkt ass, mer schwätze vun den allgemeng hin unerkannte Meeschter vum Cinema. Ofgesi vum Scorsese, Allen a Spielberg, gehéiren awer all déi genannten der Vergaangenheet un. An och fir déi nach aktiv gëllt, dass bis op puer Ausnamen(The Departed, Match Point), déi grouss zineastesch Momenter aneren Zäiten ugehéiren.

Den drëtte Regisseur, deen ech gäer als mäi léifste bezeechnen, ass de Paul Thomas Anderson, e jonken, hoffnungsvolle Mann. De P.T. Anderson gesellt sech a méngen Aen net einfach an eng laang Rei vu moderne Writer/Director, zu deenen en zum Beispill den Darren Aronofsky oder de Wes Anderson ziele kann, mee hiewt sech duerch säin onwahrscheinlecht Gefill fir Bild, Atmosphär, an duerch säin Emgang mat Schauspiller vun hinnen of. Ech verweise bewosst op den Orson Welles, well zënter deem d’Amerikaner kee Regisseur méi ervir bruecht hunn, dee sou Erstaunleches a jonkem Alter produzéiert huet.

Ugefaang mam relativ onbekannten “Hard Eight” oder “Sydney” (de Film gouf géint de Wëllen vum Anderson vun der Produktiounsfirma embenannt, well den Haaptpersonnage Sydney heescht), dee keen epeschen Duerchbroch wéi dem Welles säin “Citizen Kane” war, huet de P.T. Anderson um Enn vun den 90er Joeren sech e staarken Numm gema, well en mat nach net mol 30 Joer, zwee vun de beschte Filmer vum Joerzéngt gedréit huet. “Boogie Nights” ass 1997 rauskomm, an huet net déi Opmierksamkeet kritt, déi em zougestan hätt. Dat Exzellent un deem Film läit dran, wéi de P.T. Anderson, Biller vu Succès a Verfall duerstellt, ouni dobäi säin Humor ze verléiren. Nëmmen zwee Joer méi spéit du “magnolia”. D’Wierk vun engem grad mol 28jähregen, dee scheinbar méi iwwer Liewe, Léift, Gléck an de mënschleche Misär wousst, wéi de Rescht vu sénge Kollegen. A vu dass de Film just 3 Stonne gedauert huet, verwonnert et och net, dass en d’Dréibuch banne knapp 2 Woche geschriwwen hat.

Dat Genialt um P.T. Anderson ass, dass en Konscht a Liewen a séngem Wierk verbënnt. En ass ganz no um Mënsch, analyséiert all eenzeg Por, an d’moralesch Wertvirstellungen, déi sech enger Existenz bidden. Gläichzäiteg geléngt em awer eng ästhetesch, sou wéi och dramaturgesch Eenzegaartegkeet, an deem e mam Bild spillt, an deem e Surreales afléisse léisst fir séng Aussoen u Gewiicht wannen ze lossen.

Vill héichgeluewte Regisseuren tendéiren dozou no ufänglechem Succès dem Jubel vun de Massen nozeginn, fir si ze schaffen a sech vun der Well vu groussen, mee wertlosen Szenerien am heitegen Hollywood matrappen ze lossen. Sou munch grousst Talent hätt no engem kolossale Wierk, wéi “magnolia” probéiert do weider ze fueren, deem eppes drop ze setzen, no Ruhm an Oscar gestriewt. Net sou de P.T. Anderson, säin néchst Wierk “Punch-Drunk Love” ass dee kënschtleresch gewotesten Film, deen e bis elo gema huet. Amplaz op grouss a bedeitend emzesattlen, decidéiert den Anderson e winzege, kuerze Film, mat engem klenge Cast ze produzéiren. An d’Iddi geet op. Säi Film ass vläicht wéineg betruecht, säin Numm raus aus de Schlagzeilen, mee heen huet weider Konscht geschaf mat engem Film, deen eng gutt schauspilleresch Leeschtung vum Adam Sandler weist, an dee mat sénger exzellenter Symbolik zu enger Zort vun intelligentem Kino gehéiert, deen een haut, och wa sou munchereen et versicht, seelenst fënnt.

No 5 Joer Kreativpaus, mellt den P.T. Anderson sech lo zréck mat séngem neieste Wierk “There Will Be Blood”, eng vag Adaptatioun vum Upton Sinclair séngem Roman “Oil!” vun 1927, an alleng den Titel vum Film kléngt schon elektriséirend. Wann een da weess, dass mam Daniel Day-Lewis, de wuel beschte Schauspiller vu sénger Generatioun a mam Paul Dano e jonkt opstriewend Talent als Haaptacteure verpflicht goufen, weess een och, dass den Anderson, bei engem héiche Risiko, trotzdem bal net doniewt hae konnt. Dozou gesellen sech den Johnny Greenwood vu Radiohead als Komponist, de Bob Elswit als Director of Photography an den Dylan Tichenor fir de Schnëtt, déi alleguer fir eng exzellent Ambiance suergen dierften.

Sou war et fir mech och net iwweraschend, dass déi éischt zwou Reviews vum Film, en eben (a sou schléisst sech de Krees) mam Orson Welles séngem “Citizen Kane” verglach hunn, an dem Film domadder dat gréisste Luew, mee awer och eng rieseg Bürd operluegt hunn. Ech si gespaant, ob de P.T. Anderson ab dem Joer 2008 sech zu den Häere Fellini & co. gesellen dierf oder ob ech mech weiderhin dofir rechtfertege muss, wann ech en als mäi léifste Regisseur uféiren.

Fir d’Reviews ze gesinn, klickt op mäi Link zu Awards Daily, do fannt der alles, wat et ze wësse gëtt.