Anscheinend ginn déi Saache jo souguer vu munche Leit gelies, also denken ech mer, dass lo wou d’Wieder sou gutt ass de richtege Moment ass sech virun de Computer ze sëtzen a weider drun ze schaffen, gell?

Nom Broch komme se.

#175 Red Hot Chili Peppers – Scar Tissue
Dat ass e Lidd aus ménger drëtteelster CD op déi ech houfreg sinn. “Californication” ass eng gutt CD, déi éischt wierklech gutt vun den Chili Peppers, an “Scar Tissue” ass e rouegt Lidd fir wann d’Wieder sou ass, wéi lo just: also gutt.

#174 Simon & Garfunkel – Scarborough Fair/Canticle

“The Graduate” ass bekanntlech ee vu ménge Lieblingsfilmer an dëst Lidd leeft öfters, wann de Benjamin ze Berkeley ass an dem Elaine fiirchterlech op de Su geet. Opgrond vun der wonnerschéiner Melodie gefällt d’Lidd mer besonneg gutt.

#173 Wir sind Helden – Soundso
Dëst Lidd aus dem neien Album vun den Helden huet et mer wierklech ugedon, zemols wéinst der Zeil “Soundso warst du schon immer/ Genau so nur kleiner.” Mee textlech a melodesch sinn d’Helden jo souwisou… Helden, ne.

#172 Badly Drawn Boy – How?
De Mann mat der Mutz séngt “How can I give you the answers you need when all I possess is a melody?” an ech denke mer schäiss op d’Äntwerten, méi wéi déi Melodie verlaangen ech jo guer net.

#171 Bruce Springsteen – Thunder Road
Et ass lo wierklech en Zoufall, dass ech dem Badly Drawn Boy säin Idol, de Bruce Springsteen direkt virun e gesat hunn. Mee “Thunder Road” ass einfach dat beschte Lidd vum Boss, an huet sech séng (bescheiden) 171. Plaz verdéngt.

#170 Pixies – Debaser
Den Optakt vun hirem legendären Album “Doolittle” ass wéi eng Explosioun. De Frank Black blärt jo souwisou scho vill, mee et ass einfach nëmmen nach cool, wann e permanent “Debaser” blärt. D’Lidd ass vum Buñuel séngem “Un chien andalou” inspiréiert, an de Kurt Cobain huet mol behaapt d’Bassline vun “Smell Like Teen Spirit” wier op “Debaser” opgebaut. Majo dann.

#169 The Ramones – Blitzkrieg Bop

Einfach nëmme bescheuerte Schäiss.

#168 Daft Punk – Around the World

Hunn ech scho mol erwähnt, dass ech Daft Punk cool fannen? Passend zum Lidd, muss natierlech den immensen, onverständlechen mee witzegen Videoerwähnt ginn.

#167 The Strokes – Hard to explain

An drësseg Joer ginn d’Strokes wahrscheinlech sou ugesinn, wéi hautesdags The Velvet Underground an Television. Dat heescht d’Leit zielen se als Klassiker, mee als déi grouss Vedetten vun hirer Zäit dierfen se net hirhalen. D’Liewen ass heinsdo ongerecht, vu dass déi aarm Kärelen hautesdags scho vu Leit wéi de Kaiser Chiefs an de Schied gestallt ginn.

#166 The Byrds – Mr. Tambourine Man

Anscheinend hunn d’Byrds sech um Ufank geweigert d’Lidd anzespillen, well se zevill Respekt virum Bob Dylan haten. Et wier schued gewiescht, well hir Versioun, déi e bësse méi poppeg ass, wéi dem Dylan säin Original ass aus der Rock/Popgeschicht net weg ze denken.

#165 Eagle Eye Cherry – Save Tonight
Wann ech virdrun bei den Chili Peppers sot, dass et den drëtteelsten Album ass, op deen ech houfreg sinn e kaf ze hunn, dann ass “Desireless” vum Eagle Eye Cherry den eelsten. D’CD ass net brillant, mee awer gutt, an déi zwee Hits “Save Tonight” a “Falling in love again” sinn prägend Lidder fir mech als 10jähregen gewiescht.

#164 Moby – Why does my heart feel so bad?
Firwat eigentlech?

#163 Smashing Pumpkins – Tonight, tonight
Ech sinn ze enttäuscht vum Concert fir lo eppes Positives ze schreiwen.

#162 Elliott Smith – Needle in the hay
D’Selbstmordszen aus “The Royal Tenenbaums” get mat dësem Lidd ënnerluecht an dat ass et wahrscheinlech, wat mer déi Szen speziell an de Film insgesamt sou an d’Gedächtnis gespillt huet. De Richie Tenenbaum, gespillt vum Luke Wilson, ass sou en zerbriechleche Personnage, wéi all Kompositioun vum Elliott Smith och an d’Zesummespill tëscht him sénger Musék an dem Wilson séngem Schauspill suergt fir d’quasi Epescht un dëser Szen.

#161 Beck – Loser
Dass ech eng Affinitéit fir de Beck besëtzen, hunn ech, denken ech, scho mol erwähnt. Mee leider erméiglecht en et engem net onbedéngt vill vu sénge Lidder a sou eng Lëscht anzebauen. Se sinn dach ze speziell. Ausser “Loser”, dat muss dran.

#160 Madonna – Like a prayer
Ech si säit ménger Kandheet e Fan vu sénger Musék, an ech schumme mech net dofir.

#159 Buddy Holly and The Crickets – Peggy Sue
E Lidd wat no him benannt as befënnt sech op Plaz 250. Ouni heen géife mer haut net vun de Beatles schwätzen. Déi hunn hiren animaleschen Numm neemlech gewielt an Uleenung un hirem Idol séng Crickets. De gudde Jong ass mat 22 gestuerwen, an hautesdags schwätzt all Mënsch vum Elvis. Sou spillt d’Liewen engem heinsdo.

#158 Black Sabbath – Paranoid

Den Ozzy Osbourne ass e fiirchterlechen Asi, ech wees. Mee dat Lidd ass awer gutt.

#157 Blondie – Heart of Glass
Ech ka kengem Mënsch et verdenken, deen d’80er als geschmacklost Joerzéngt bezeechent, mee Blondie hat dach eppes. Dat Lidd ass eng groussaarteg Popkompositioun, mee et kritt net de Respekt, deen et verdéngt.

#156 The White Stripes – Seven Nation Army
Dat beléiftste Lidd vun der gréisster Band vun dësem Joerdausend (wann een Acclaimedmusic.net gleewe kann). Ech hunn et och ganz gäer, an ech stéire mech och net drun, dass nodeem Italien Weltmeeschter ginn ass, et fir Fussballfans zum Kult ginn ass, d’Melodie vum Lidd ze grölen.

#155 Muse – New Born
Grandiost Geklimpers zum Ufank, deen Opbau deen zur Explosioun féiert, einfach nëmmen e Genoss. Wann ech dat Lidd mat 14 rop a rof gelauschtert hunn, huet sech mäi Konsum lo ageschränkt, mee genéisse kann ech et awer nach.

#154 The Rolling Stones – Ruby Tuesday
Ass et net e schéint Lidd? Dach, ass et. Ze bewonneren och am immense Film “Children of Men”.

#153 Ben E. King – Stand by me
Dat Lidd kennt all Schwäin. Mee wee kennt den Numm Ben E. King? Déi wéinegst denken ech. Mee d’Lidd ass immens, genee sou wéi de Film mam River Phoenix, deem d’Lidd säin Numm ginn huet.

#152 The Cardigans – I need some fine wine and you need to be nicer
Vum Titel hir läit d’Lidd op Plaz 1, mee och d’Musék vu ménge léiwe Cardigans aus dem beschauleche Schweden ass wonnerbar.

#151 The Beatles – Let it be
Wat mech do rem geridden huet, dat Lidd just op 151 ze setzen wees ech net. Wann ech méng Lëscht néchst Joer opraumen kënnt et ënnert déi éischt 50, djëft. ‘t ass e Klassiker an ech muss wuel einfach dogéint pöbelen, ech Asi. Mee ganz éierlech, déi meescht Lidder vun de Beatles gehéiren dohinn.