Wéi ech haut an de Stade Josy Barthel war fir de Fussballlännermatch Lëtzebuerg géint d’sozialistesch sowjetesch Republik Georgien (0:0) ze gesinn, sinn ech un der Zentral vun eise Beruffspompjeen op der Areler Strooss laanschtkomm. An do si mer em puer Saachen opgefall:

  1. Ech froe mech wen hier Slogans schreift. Well do steet dach net wierklech op enger gliesener Diir: “Mir sichen jonk Leit”, wat natierlech falsch ass, wéi all Mënsch weess. Dee Feeler ass lo nach manner schlëmm, mee ech fannen et ëmmer penibel, wann een a sou Opfuerderungen sou opfalend an onnéideg Schreiffeeler fënnt. (cf. “Mir sin dofir!” oder haut am M-Block: “Keen Geld mei fir een neie Stadion?”)
  2. An all ménger Perversioun hunn ech misse laachen, wéi ech den Numm vun eise Pompjeen hierer Internetsäit gesinn hunn. Nee, et ass net zum Beispill eppes Normales wéi “sapeurs-pompiers.lu” oder “pompjeen.lu”. Et ass net mol eng lächerlech Variant à la “firefighters.lu” oder “oleolefeierade.lu”. Nee, et ass … Trommelwirbel… www.incendie.lu. Vläicht sinn ech och den eenzegen, deen et witzeg fënnt, mee iergendwéi fannen ech trieft deen Numm sou eppes vun Zynismus, dass et einfach ze schéi fir wouer ze sinn ass.
  3. Et kënnt nach besser mat de Slogans. An hierer Afuert gesäit een och nach e wonnerschéine Logo vun de Pompjeen, mat engem Schrëftzug ronderem. Des Kéier ass allerdéngs kee Feeler dran, dee mech opregt, nee, et ass de Slogan u sech, deen ech wierklech immens fannen, well e sou blöd ass. Stellt iech mol vir, dir misst de Slogan fir eis Pompjeen kreéiren. Wat wier e wuel?
    “Mir hëllefen iwwerall, zu jidfer Zäit.”? Do feelt de Witz, de Pepp, gell?
    “Allzäit bereet.”? Zevill Fähnlein Fieselschweif.
    “Déi mam décke Schlauch, ëmmer bereet.”? Ze eendäiteg zweedäiteg.

    Nee, do muss eppes aneres hir. Eppes peppeges, eppes wat de Leit weist, dass eis Pompjeen net nëmmen Feier bekämpfen, mee nach vill méi drop hunn. Eppes wat wéi dem Dirk Diggler säin Numm a Boogie Nights sou hell liicht, dass déi blo Neonstuben an deenen et geschriwwen ass explodéiren:
    “Feier eleng geet eis net duer.”

    Autsch, alles falsch gema, setzen, 6. Et erkennt ee jo d’Intentioun, dass se soe wëllen mir läschen net nëmme Feier, mee am Endeffekt kléngt et wéi wa se soe wéilten: “Also fir sou e klengt Feierchen komme mer awer net. Do bleiwe mer léiwer an der Zentral a spillen Playstation 2. Rufft zréck un, wann der eppes weideres ze bidden hutt.” An do laachen ech da vläicht driwwer, mee e gudde Slogan gesäit anescht aus.