Gëschter sinn ech dunn, vu méngem 5 Deeg daurenden Ausflug an d’Belsch remkomm, op deem ech probéiert hunn gutt Musék z’erliewen an ze liewen. Virun deem iergendee mech freet, wéi et war, schreiwen ech et also einfach a gekiirzter Form nidder. (A Klammeren: Bewertunge vun de Concerten.)

Dag 1: E Mëttwoch um 15 vir 2 ass d’Rees ze Eechternoach op der Gare lassgaang, am Bus fir an d’Stad huet sech dunn den Tun zou mer gesellt, während mer de Joki an der Stad op der Gare getraff hunn. De Joki huet sech (am Endeffekt awer net) ausräichend mat Zigaretten ausgestatt, déi zwee hunn eng läscht gefëmmt a mer hunn eis um 15 op 3 an den Zuch bewegt, deen eis sollt op Liers bréngen. No 3 Stonne Fuert, an méi wéi engem domme Commentaire vum Joki, si mer dunn och ze Liers ukomm, mee d’Dieren vum Zuch sinn net opgaang, a sou si mer dunn mam Zuch an de Schapp gefuer. Do huet eis dunn en éier manner frëndleche belsche Schaffner entdeckt a gefrot wat mer nach a séngem Zuch verluer hätten. Nodeem mer en iwwert de Problem opgeklärt hunn, huet en eis dunn awer bewisen, dass d’Dieren wuel opgaang sinn – nodeem en se opgespaart huet a sot: “Mais elle s’ouvre!”

Eise Reesplang, war dunn bëssen duercheneen, mer souzen eng hallew Stonn am Zuch, bevir deen zréck op Liers gefuer ass, an dunn eng 3/4 Stonn ze Liers, bis dass mer den Zuch op Hasselt kruten. An ganz éierlech: Liers ass wuel dat ellensten, gottverloossente Kaff op der Welt. Et ass méi elle wéi Léck! Jo, du si mer op Hasselt gefuer, hunn eist Zelt opgeriicht, a pünktlech wéi mer fäerdeg waren huet et ugefaang ze reenen, wouropshin mir e Béier drénke waren an op dem Wee dohin eis Kollege, de Pit, de Jeff an de Vincent getraff hunn, déi quasi 50 Meter vun eis fort hiert Zelt opgeschlon haten. Alles an allem also e gelongenen éischten Dag.

Dag 2: Um 8 Auer opgestan fir duschen ze gon (da pennt nach all Sau, an et kënnt ee séier drun), um 11Auer op de Site. Den éischte Concert, dee mer gekuckt hunn war de Seasick Steve (7), eng One-Man Band aus Mississipi, deen richteg schéin ageheizt huet, mat séngem Folkblues. Nodeem s mer dunn eppes giess haten, si mer Bonde do Role (8) kucke gaang, eng Grupp aus Brasilien, déi aus engem DJ, deen alles samplet, an engem Jong an enger Damm besteet, déi Saachen op Portugiesesch an de Mikro blären. Et war de Glanz. Dono war Gogol Bordello (4-5) un der Rei, déi de Musikexpress ganz sympathesch als Balkanpop bezeechent, naja, ech gi se éier net méi kucken. Als néchst an eisem volle Programm waren d’Eagles of Death Metal (7), bei deene mer eis ganz no vir bewegt hunn, ouni an d’Pogogetümmel ranzekommen. Se hunn anstänneg gerockt, mir hu brav matgema, wat den Jesse Hughes vun eis gefuerdert huet, a sinn awer net op d’Lijhe ragefall, dass en nëmmen nach 1 Lidd spillen dierft, mee der awer nach 3 spille géif, well en ëmmerhin nach 12 Minutten Zäit hat.

Duerno ware mer Rilo Kiley (5-6) kucken, wat iergendwéi langweileg war, obwuel d’Musék dach ganz gutt ass. Bei den Editors (7-8) ass du keng wierklech gutt Ambiance am Publikum opkomm, obwuel se all hier Hits perfekt gespillt hunn an den Tom Smith alles gemaach huet, fir Stëmmung ze bréngen. Leider huet et net geklappt, mee trotzdem hunn ech mech ameséiert. I’m from Barcelona (8-9) géif ech als éichten Highlight vum Festival bezeechnen, well se eng immens Show ofgeliwwert hunn, mat Loftballonen a Konfetti, déi genial dozou gepasst hunn. Kee Witz. Duerno si mer iergendwéi bei Hayseed Dixie (2-3) geland, an déi ware su schäiss, wéi se kléngen. Mir wier léiwer se wiere mer haut nach sou onbekannt, wéi se mer bis du waren. Du ware mer kuerz den Dizzee Rascall (8) kucken, mee just fir 2-3 Lidder, well déi aner bei de Stooges wollte wäit vir stoen. Wat den beschte britesche Rapper an deenen 10 Minuten awer bruecht huet, däerf een ouni Zweifel als enorm bezeechnen. Nach kuerz virum Iggy dunn e Lidd vum Jamie T (7-8) lauschtren, dee grad zoufällegerweis “If you’ve got the money” gespillt huet, wouzou ech natierleh matgesong hunn.

An du war et su wäit: d’Stooges (8-9) hu gespillt, an den Iggy Pop ass obwuel en ural ass, nach ëmmer voller Power. Insgesamt war de Concert saugutt, mee wat soll een och aneschteres vun enger Living Legend erwaarden dierfen. Dunn hunn ech mech op de Wee gema, fir d’M.I.A. (9) kucken ze goen an dat huet d’Bühn zum Brenne bruecht, an deem s et all séng Hits gespillt huet, inklusiv engem Cover vun “Where is my mind?” vun de Pixies. Grandios. Den Devendra Banhart (4) konnt mech du just enttäuschen, mee e war och einfach zimmlech öd. Öd wéilt ech och gäer behaapten, dass d’Kaiser Chiefs (2) gewiescht wieren, mee zum Katzen trëfft et éischter. Déi Band ka guer näicht. Vu dass mer schon zimmlech midd waren, hunn den Tun an ech, déi als eenzeg vun eis 6 et nach bis zu den Chiefs gepackt hunn, Low (6) net fäerdeg gekuckt, well mer soss ageschlof wieren a sinn Digitalism (7) kucke gaang, déi d’Dance Hall gerockt hunn, bevir mer bei Basement Jaxx (8) aus dem Hallefschlof gerappt gi sinn. Déi hunn en iwwerzeegenden Ofschloss fir den éischten Dag vum Festival besuergt, an all hier Hits gespillt. Et war tiptop, mee weider net der Ried wäert.

Dag 3: Den drëtten Dag hunn ech mat de wonnerschéinen DeVotchKa (8) ugefaang, déi d’Leit vum Little Miss Sunshine Soundtrack kennen dierften. Leider hu se “Till the End of Time” net gespillt. Als néchst war ech dunn The Rifles (7) kucken, déi eng zolitt Aarbecht ofgeliwwert hunn, mee méi och net. Dono hunn The View (7-8) zimmlech gerockt, mee vu dass ech zimmlech freckt war, souz ech just baussent dem Zelt a krut net alles mat. Dono war ech d’Beatsteaks (8) kucken, déi wéi ëmmer fir saugutt Stëmmung gesuergt hunn. Den Usoer konnt sech allerdéngs eng Uspillung op déi zwee Kricher net verknäifen. An du wor dat néchst Highlight drun, de Badly Drawn Boy (8-9) deen während dem Concert permanent zimmlech ugepisst gewierkt huet an um Ufank net richteg a Fuert komm ass, obwuel en mat “Everybody’s Stalking” direkt e richtege Kracher am Programm hat. Mee déi läscht fënnef Lidder (“The Shining”, “All Possibilities”, “A Minor Incident”, “Once Around the Block” an “Silent Sigh”) hunn alles zu engem gudde wende geloss. Virum läschte Lidd sot den Damon Gough dunn: “We should have played longer if respect was payed where it’s due” an du war och jidderengem kloer woufir e sou schlecht drop war.

Dunn hunn The Hives (8-9) an all hirer Routine an Hybris d’Main Stage zum Kache bruecht mat Sprëch wéi “According to Belgian law, The Hives are only allowed to play one more song, because otherwise your head might explode because of this great rock’n'roll music.” Als néchst ware mer du kuerz an d’Technozelt den James Holden (7) kucken, dee gutt elektronesch Musék gemaach huet, mee wann een net a Stëmmung ass, bréngt dat o näicht. No enger längerer Concertspaus, vu bal 2 Stonne si mer dunn Sophia (5) kucke gaang, déi mech fiirchterlech gelangweilt hunn. ‘t ass sécher keng schlecht Musék, mee ech verstinn net firwat d’Leit alles wat lues an driipseg ass, als genial ugesinn.

An du koum de beschte Concert vum Festival: Arcade Fire (10 mat Stärecher a knätschegem Feierwierk). D’Musék war elektriséirend, den Optrëtt perfekt astudéiert an iwwerzeegend, einfach nëmme brillant. Wann et eppes get wat mir d’Sprooch verschléit, da muss et wierklech eppes besonneges sinn.

Dinosaur Jr. (6-7) waren dono Dinosaur Jr., dat heescht eng Band mat däer ech net vill ufänke kann, mee ganz okay. An d’Smashing Pumpkins (7) waren enttäuschend. Se hu vun hire fënnef Lidder déi se ménger Meenung no op all Concert spille missten nëmmen zwee gespillt (“Tonight, Tonight”, “Bullet with Butterfly Wings”) a soss och näicht wierklech aussergewéinleches bruecht. Vläicht hu se awer och, wéi de Pit sot, just drënner gelidden, dass se Arcade Fire net d’Waasser reeche konnten, a mer nach sou am Bann vun den 10 Dammen an Hären aus Kanada waren.

Dag 4 a 5 iergendwann.