Eternal Sunshine of the Spotless Mind heescht mäi Lieblingsfilm. De Regisseur dovun heescht Michel Gondry, an ass e Fransous. De Michel Gondry war virun deem en ugefaang huet fir de Kino ze dréien, ee vun den renomméierteste Musékvideoregisseuren, an huet ënnert anerem mat de White Stripes, Radiohead, dem Beck, Noir Désir an de Queens of the Stone Age zesummegeschafft. An all séngen Aarbechten ass säi surrealistesche Stil, wat Montage, Kameraféirung a Schnëtt betrëfft kloer z’erkennen, deen hien zu engem vun den interessantesten jonken Regisseuren mécht.
Nom méissegen Erfolleg vu La Science des Rêves d’läscht Joer, an dem leider nie an eise Kinoen gelafenen “Dave Chappelle’s Block Party” mellt sech de Gondry 2007 (hei och vläicht réicht 2008) mat séngem neiste Film zréck: Be Kind Rewind. D’Handlung ass einfach, mee verréckt: den Jerry (Jack Black), Besëtzer vun enger Videothéik, zerstéiert all séng Filmer, well e magnéitesch gelueden ass. Fir dass d’Geschäft weider bestoe kann, spillt en d’Filmer dofir mat séngem Kolleeg dem Mike (Mos Def) no, a liwwert also nei Interpretatiounen vun ënnert anerem Ghostbusters oder Robocop.
Den Trailer versprëcht, dass dat Ganzt grousse Spaass wäert man:

a weieen fach huesde dech eigentlech ageschriwwen chris?
Gesäit en effet saugudd aus! Sinn gespaant.
@sandra: Englesch.
@Grommel: Méng Ried! Leider kruten se d’Rechter net fir “Back to the Future” ze man.
eternal sunshine of the spotless mind. och mein lieblingsfilm
einfach genial, kennen mol net vill leit den dessen film iwwerhapt kennen. ech bewonneren den jim carrey, hien ass mengen meenung no en richteg gudden schauspiller well en an denen rollen dei en spillt, einfach perfekt eriwwerkennt.