… Pukkelpop 2007.

Ech hunn zwar nach ëmmer keen Ticket, mee dat kréie mer o nach hin. Wat ech haut maache wëll, ass einfach méng Highlights op déi ech mech am meeschte freeën, ze weisen. An dat – wéi sollt et anescht sinn – mat Hëllef vu Youtube-Videoen.

Do wieren éischtens d’Editors (16/08/17:05/Main Stage). D’Editors hunn ech kenne geléiert, wéi ech am Winamp den NME Radio gescrobblet hunn. Dat wonnerbart Lidd “All Sparks” hat et mer direkt ugedon, a kuerz drop war ech hin a weg, wéi ech “Bullets” a “Munich” héiren hunn. Dofir war ech mer dunn och hire saustaarken Album “The Back Room” sichen. Hiert neiste Wierk “An End Has a Start” ass säit puer Wochen dobaussen, an och wann ech et leider na net besëtzen sou iwwerzeegt mech dach déi éischt Single “Smokers Outside the Hospital Doors” voll a ganz. D’Editors sinn ëmmer su traureg düster an drängen trotzdem an d’Extatescht (wat e Saz), kléngen wéi Interpol gekräizt mat Coldplay an erreechen en bal identeschen Niveau. An dann kléngt dem Tom Smith séng Stëmm o nach wéi déi vum Ian Curtis (Joy Division).

YouTube Preview Image

Dann wier do natierlech d’M.I.A. (16/08/21:40 Dance Hall), wat wierklech kee Schwäin a Lëtzebuerg ausser dem Fede a mir appréciéiert, mee awer extrem talentéiert ass. Him säi Grime ass sou rëffeg cool, dass ech mech scho beim Tippen bal net akréien. “Bucky Done Gun” ass sou en asozialt Lidd, mee ech fannen et trotzdem immens. Mee déi Opnahm hei ass schäiss, well d’Tounqualitéit net gutt ass. Hoffentlech ass se ze Hasselt besser.

YouTube Preview Image

Dann kënnt och schon mäin allergréissten Highlight vum Weekend: de Badly Drawn Boy (17/08/18:10 Marquee Stage). De Mann mat der Mutz ass sou en talentéierten Singer/Songwriter, dass en et definitiv mam leider verstuerwenen Elliott Smith ophuele kann. Ech verléiren awer net zevill Wierder, well en nach a ménger Top 250 virkënnt. Dofir einfach säi wonnerbare Video zu “Once Around the Block”.

YouTube Preview Image

Dann kommen natierlech Arcade Fire (17/08/22:25 Main Stage), op déi ech wierklech gespaant sinn, well ech mech froen op hir Musék op däer rieseger Bühn funktionnéiert. Ech hoffen et op jidfer Fall. Fir d’éischte Kéier op de Goût vun der Band sinn ech komm, an deem ech mer einfach sou d’CD bei Amazon bestallt hunn, ouni je eppes virdrun vun hinnen héiren ze hunn. An ech hunn riicht an d’Schwaarzt getraff, well hier melodesch Geniesträicher nach an d’Musékgeschicht wäerten agoen. Hei spillen se “Neon Bible” live an engem Lift.

YouTube Preview Image

De läschten Dag waarden dann direkt véier grouss Saachen op mech. Fir d’éischt The Shins (18/08/15:15 Marquee Stage), déi all Indieschlampe op mannst aus “Garden State” bekannt sinn dierften. Dann de Mike Skinner alias The Streets (18/08/15:55 Main Stage), deen de coolste Rapper op der Welt ass. Dann déi sensationell Justice (18/08/20:20 Dance Hall) aus Frankräich, déi mech ëmmer vu Freed zum Laachen an Danzen bréngen. An als gudden Ofschloss schließlech Sonic Youth (18/08/22:40 Marquee Stage), déi nach emol fir ordentleche Kaméidi suergen. Hei dann e Liveoptrëtt vun de Shins (“Caring is creepy”), d’Videoen zu “Fit but you know it” vun The Streets, respektiv “D.A.N.C.E.” vun Justice a schließlech e Liveoptrëtt vun “Drunken Butterfly” vun Sonic Youth.

YouTube Preview Image YouTube Preview Image YouTube Preview Image YouTube Preview Image