A viru geet et, mat ménger (méi oder manner) immenser Lëscht. Mäi Concours ass iwwregens nach ëmmer aktuell, falls nach iergendee säi Gléck probéire wëll: einfach an de Kommentarer séng Meenung präisginn.
(A just sou niewebäi: all déi, déi “Hot Fuzz” net an de Kino kucke waren, hunn déi beschte Komödie vum läschte Joerzéngt verpasst.)
#200 Daft Punk – Harder Better Faster Stronger
Mat der Meenung, dass Daft Punk dat beschten franséischt Elektronikduo ass (obwuel Justice op engem saugudde Wee sinn), stinn ech am Blogklumpen wahrscheinlech ganz alleng do. Mee domat kann ech liewen. Als Uspilltipp: dem Kanye West séng nei Single “Stronger” samplet dëse wonnerbaren elektroneschen Ergoss.
#199 The Beatles – Hey Jude
E bëssen onkonventionell ass et schon, dat wuel bekannteste Lidd vun de Beatles sou wäit hannen ze placéiren, wann nach sou viller vun hinne kommen. Mee iergendwéi verstinn ech net, wat d’Leit mat “Hey Jude” hunn. Et ass jo immens, mee awer näicht verglach mat sou munch anerem Klassiker vun der gréisster Band, déi et je gouf.
#198 Oasis – D’You Know What I Mean?
Dat drëtt Lidd vun der coolster Band, déi et jemols gouf op der Lëscht, an et ass keen Enn a Siicht. Mee ëmmerhin ass dat heien dat längste vun hire Lidder, ze fannen op hierem Koks-Album “Be Here Now”. Wahrscheinlech ass “Be Here Now” souguer hiere beschten Album, just mierkt dat kee Mënsch, well en zevill no Koks kléngt. An niewebäi fënnt den Noel den Album och schäiss. Mee wann iergendeng Newcomerband dësen Album produzéiert hätt, géif et als Meeschterwierk bezeechent ginn.
#197 My Bloody Valentine – Only Shallow
De Problem vu My Bloody Valentine ass hieren numm, well déi genial Band opgrond dovunner oft fälschlecherweis an den Emo-Eck vu My Chemical Romance an Bullet for my Valentine gedréckt get. Do huet MBV awer näicht verluer, ëmmerhin ware si scho genial, wéi MyChem a Konsorten na net mol an d’Spillschoul gaang sinn. Ech droen also de Message vu MBV an d’Welt an verteidegen se géint des Uschëllegungen.
#196 The Clash – London Calling
The Clash si scho cool, an dann däerf natierlech “London Calling” an dëser Lëscht net feelen.
#195 Travis – Why Does It Always Rain On Me?
Kennt der de Video vun dësem Lidd? Ech ka mech nach drun erënneren, wéi ech e fir d’éischt op MTV gesinn hunn. Säit deem Dag sinn ech an Travis verléift. Den ultimativen Travis-Moment bis lo war awer, wéi de Fran Healy bei engem Liveoptrëtt bei MTV am wahrscheinlech 30 Grad waarme Studio en décke Wollplover an eng Mutz unhat, “Sing” gesong huet an plätschnaass vu Schweess war.
#194 Van Halen – Jump
Sou asozial, dass et scho rem gutt ass.
#193 Yann Tiersen – La valse d’Amélie
D’Iddi de Yann Tiersen an d’Lëscht ze setzen ass mer just komm, well den Thorben et och gemaach hat. An en hat recht, well d’Musék aus “Le fabuleux destin d’Amélie Poulain” ass sou brillant, dass se roueg däerf als Deel vun der Rock/Pop-Geschicht ugesi ginn.
#192 The Who – Won’t get fooled again
Fir mech als relativ grousse Fan vun “CSI: Miami” ass et ëmmer rem e gutt Gefill dëst Lidd ze héiren. Mee wat mech un der Série stéiert: firwat benotzen se ëmmer Täscheluuchten amplaz déi grouss Luucht unzeman?
#191 Portishead – Numb
Coolt Lidd, méi kann ech net soen. Ausser, dass den Albumcover vun “Dummy” grotteschlecht ass.
#190 The Doors – Riders on the Storm
The Doors heesche jo lo Riders on the Storm, sou wéi d’Lidd. Den Jim Morrison ass net méi den Jim Morrison, mee e jonken Jim Morrison Look-alike. Mee hir Musék ass nach ëmmer sou gutt wéi viru 40 Joer.
#189 Bob Marley – Sun is shining
An dësem Moment, wou ech dat tippen mécht se et tatsächlech mol eng Kéier.
#188 Coldplay – A Rush of Blood to the Head
Hach, dat Lidd huet sou en immensen Text a sou eng Melodramatik, dass ech all Kéiers dohi schmëlze kéint, wann ech et héieren. Am léifsten haart am Auto opdréien, an mat dem ganze Volumen vun der Stëmm (dee relativ bescheiden ass) iwwert dem Fueren matsangen.
#187 NWA – Express Yourself
Ech mengen, dat Lidd op iergendengem “Tony Hawk’s Pro Skateboarding” fir d’éischt héiren ze hunn. An ech mengen, souguer Leit, déi keen HipHop gäer hunn, mussen zouginn, dass et einfach nëmme Spaass mecht dat Lidd ze lauschtren.
#186 Run DMC – It’s Like That
Ouni Aerosmith. An zwee Klassiker vum HipHop aus den 80er direkt hannereneen. Ween och haut, wou leider schon ee vun den 3 Hären leider verstuerwen ass, net op e bësse Run DMC verzichte kann, dee ka jo op MTV déi fierchterlech gestallten an idiotesch Sendung “Run’s House” kucken.
#185 Justice – D.A.N.C.E.
Ech hunn einfach e Lidd rausgeheit fir Justice abauen ze kënnen, vu dass se jo nach ganz nei am Business sinn. Sou sinn ech eben, mee ech hat all Recht dozou, well déi zwee Fransousen sooooou (mat 5 o) genial sinn.
#184 Nancy Sinatra – These boots are made for walkin’
Extrem cool Sängerin, mat extrem coolem Papp, séngt en extrem coolt Lidd.
#183 Sonic Youth – Drunken Butterfly
Kaméidi op engem ganz héijhen Niveau. Ech freen mech fir se um Pukkelpop ze gesinn, wou se d’Marquee Stage zum Brennen bréngen wäerten.
#182 Sportfreunde Stiller – Ein Kompliment
Och wann hiere Sänger definitiv net sange kann: des Öfteren geschitt et him awer, dass en e genialen Text schreift. A wann dëst Lidd net den Inbegriff vun Teenagerléift ass, da get et keng méi. Den Text ass sou zockerséiss, an d’Melodie och ganz charmant.
#181 Patti Smith – Because the night
Scho rem ménger Mamm hier Musék. Dat schlëmmst drun ass, wéi se Smith ausschwätzt, neemlech ongeféier “Smiss”. Berk. Wann d’Musék net awer gutt wier, géif ech d’Patti Smith fir déi Aussprooch vu ménger Mamm haassen.
#180 Kante – Warmer Abend
Eng batter Enttäuschung fir den Thorben, dass d’Lidd nëmme sou wäit hannen ze fannen ass, mee bon et ass jo méng Lëscht. Textlech an musikalesch uerdentlech Aarbecht awer vun de Jongen.
#179 NTM – Laisse pas traîner ton fils
NTM war méng Lieblingsgrupp. Op VIIe. Mee schlecht si se haut na net, zemols den immensen Text, vun dësem häerzzerräissende (wow, orthographesch interessant Wuert) Lidd. Alleng dofir géif ech nach emol mäin alen T-Shirt vun der Mark “2High” auspaken, déi dem Kool Shen gehéiert.
#178 Beastie Boys – Sabotage
De Video zum Lidd ass legendär a vill Leit vergiessen dobäi, dass d’Lidd zum Video e Meeschterwierk ass. Dat Remgebläerts, den dreiwende Rhythmus, deen engem richteg duerch d’Blutgeféisser fiert: et ass e Genoss.
#177 Blur – Coffee & TV
Nach e legendäre Video. Ween erënnert sech net un déi vermëssten Mëllechtuut, déi um Schluss an den Himmel flitt? Dat war den éischte Video op MTV, deen ech wierklech grandios fonnt hunn, och wann ech do virdrun scho gudder gesinn hat. Mee “Coffee & TV” ass eppes besonneges.
#176 Lou Reed – Perfect Day
De Klassiker aus “Trainspotting”. Och wann d’Jongen (Renton & Sickboy) dem Reed séng Solosaachen ufanks kritiséiren, “Perfect Day” ass awer e Lidd, opgrond vun deem een him verzeien misst.

Woumat d’Wahrscheinlechkeet, dass ech der vill richteg hun jo schon emol ee gudd Stéck gefall ass. :( :D
Nawell, jo.