A weider geet et.
#225 Adriano Celentano – Azzurro
E bëssen internationale Flair soll méng Lëscht jo och hunn, an do trëfft et sech net schlecht, dass et den Adriano Celentano get. Well dat Lidd ass lëschteg, peppeg an ech kann et matsangen. Dat ass ëmmer gutt.
#224 Janis Joplin – Piece of my heart
E gudden, ale “Wunderbare Jahre”-Klassiker. Iergendwéi kann ech mech net vun däer Serie trennen, obwuel se scho laang net méi leeft. An och déi Musék verfollegt mech, obwuel ech se eigentlech nie lauschteren.
#223 The Avalanches – Since I Left You
Ech mengen, dee Video ass einfach e Klassiker, a wann d’Musék dozou schlecht wier, hätt ech en wuel nie bis zum Schluss gekuckt. Mee dat Lidd war effektiv mäi Lieblingslidd deemols (viru laanger, laanger Zäit).
#222 The Eagles – Hotel California
Ech kréien et net op d’Rei, wat all Mënsch mat deem Lidd huet. Ech fannen et jo och net schlecht, mee ass et wierklech sou grandios? Fir mech ass et duerchschnëttlechen 60s Rock, mee awer gutt genug fir a méng Lëscht.
#221 Yeah Yeah Yeahs – Maps
Dat Lidd huet eng magesch Wierkung op mech, et verzaubert mech all Kéiers. Et ass rem su e Lidd, wat een hypnotiséiert mat der Widderhuelung vu sénger Aussoo “They don’t love you like I love you”. Onvergiesslech, wéi ech am Pukkelpop mam Marie am Reen do stoung, Fritten z’iessen an der immenser Performance vun de Yeah Yeah Yeahs nogelauschtert hunn.
#220 Manic Street Preachers – If You Tolerate This Your Children Will Be Next
Iergendwéi sinn d’Manic Street Preachers um Kontinent net wierklech bekannt, oder? Dobäi sinn et op der Insel zimmlech grouss Stars, wann ech hir Verkafszuelen kucken. Dëst Lidd ass wahrscheinlech hiert bekanntst an och bescht. An e bësse Sozialkritik hu mer jo alleguerte gäer.
#219 The Beatles – Ticket to ride
Majo, ne. Et kommen der nach genug.
#218 The Streets – Fit but you know it
Ofgesinn dovunner, dass ech de Mike Skinner absolut genial fannen, séng Aussprooch nach méi, an d’Zeil “maybe even 9 and a half in four beers time” am allerbeschten, ass et virun allem de Film “Notes on a scandal”, dee mech dozou bewegt huet fir dëst Lidd an d’Lëscht opzehuelen. Erklärung: de 15jährege Jong mat deem d’Cate Blanchett grad geschlof huet, seet zu him: “You are really fit” an hatt äntwert: “but my gosh don’t I just know it”.
#217 M.I.A. – Galang
Fir e bëssen beim Grime ze bleiwen, gi mer da lo op d’M.I.A. iwwer. Déi jonk Joffer rappt mech mat séngen absolut éierlechen, komeschen Texter an der nach méi komescher Musék einfach vum Hocker. Dofir wënschen ech mer, dass et och vläicht mol an engem Radio gespillt géif ginn. Mee deen Dag fänke wahrscheinlech Fësch un ze fléien.
#216 The Cure – Close to me
Dat Lidd ass eigentlech sou banal, mee et huet sou en niedleche Charme. Eent vun den Highlights vun The Cure hierer net grad sou düsterer Phase.
#215 The Righteous Brothers – Unchained Melody
Ech soen nëmmen “Wunderbare Jahre” a soss näicht.
#214 The Strokes – Someday
Kaméidi aller éischter Klass. Ech sinn net méi grad sou e grousse Fan vun de Strokes wéi nach vrun e puer Joer, mee hey “Is this it” ass e grandiosen Album.
#213 Advanced Chemistry – Fremd im eigenen Land
Ech fannen d’Fantastische Vier zwar cool, mee Advanced Chemistry sinn awer d’Pappen vum däitschen HipHop.
#212 Green Day – Good riddance
Ech si kee Fan vu Green Day, mee dat Lidd ass einfach schéin, sou einfach wéi et ass.
#211 IAM – Dangereux
Aus dem beschten europäeschen HipHop-Album, deen et get, dat coolste Lidd, wat IAM ze bidden hunn. Freck, wat sinn ech op VIIe dorobber abgaang.
#210 Maxïmo Park – Apply some pressure
Säit Franz Ferdinand an The Libertines, menge jo all d’Musékjournalisten all nei britesch Band wier “the next big thing”. Wann ech also lo d’Aarbecht vun all den “next big things” ukucken, da stellen ech fest, dass Maxïmo Park, obschon ech um Ufank Zweifel hat, no hirem zweeten Album konfirméiert hunn, dass se déi bescht jonk britesch Band sinn (déi nach existéiert).
#209 Simon & Garfunkel – Bridge over troubled water
Ganz grousse Kino. Wa mer dat Zitat aus “Almost Famous” géif afalen, géif ech et lo schreiwen. Et war iergendeppes mat “poetry”.
#208 Johnny Cash – I Walk the Line
Ech war schon als Kand e Fan vum Johnny Cash, mee zemols de Film huet mer en rem méi no bruecht. An “I Walk the Line” ass e grandiost Lidd.
#207 Interpol – NYC
Interpol sinn an Amerika, wat Maxïmo Park a UK sinn: déi bescht vum neie Joerdausend. Dëst Lidd, benannt no hirer Heemechtstad, fënnt sech op hirem éischten Album an bestëcht duerch séng calm, mee awer iergendwéi sphäresch Ausstrahlung.
#206 The Troggs – Wild Thing
Eigentlech ass dat Lidd jo zimmlech prolleg, mee ech hat als Kand ëmmer de Film “Die Indianer von Cleveland” mam Charlie Sheen gäer, an dofir och d’Lidd.
#205 Cornershop – Brimful of Asha
Hach, eent vu méngen éischte Lidder op MTV. Ech vergiessen de Video nie, well e sou schéi faarweg ass.
#204 Freundeskreis – Mit dir
Am Benjamin v. Stuckrad-Barre séngem “Remix 2″ get et eng fiktiv Szen an däer d’Richterin Barbara Salesch mengen ech dat Lidd als “Geiles Lied” bezeechent (ech kucken et lo net no). Mee op jidfer Fall hat se recht. An et ass jo och schéin, dass bei den Opnahmen zum Lidd de Max Herre an d’Joy Denalane sech fonnt hunn.
#203 Bob Dylan – The Times they are a-changin’
De Bob ass mäin Idol, ech hunn e souguer am Premièresexamen zitéiert. Ech hätt och gäer säin Talent a séng Krauselen.
#202 Indochine – Trois nuits par semaine
Dat ass mäi vollen Eescht. Mir gefällt dat Lidd saugutt, mee et wier awer wierklech ze penibel fir et nach méi wäit no vir an d’Lëscht ze setzen.
#201 Prince – Purple Rain
cf. #202

The Wonder Years. An den 90er waren TV Dramaen nach wéinstens ze kucken. Mir brauche rem ee Winnie Cooper! :) D’Serie hätt just net missen sou batterséiss ophaalen. Mee naja, de Realismus huet d’Serie jo eigentlech zu där Qualitéit bruecht. :( Kann mech zwar net drun erenneren wou se “Piece of my heart” gespillt hun? Erenneren mech just nach un dem Joe Cocker säin “With a little help of my friends” Cover als Titelmusék…
Purple Rain? Dat ass ee vun deene Lidder wat ech géing bei “Haassen ech, mee kréien ech trotzdeem net aus dem Kapp” setzen. :)
With a little help FROM my friends. Argh.
@ Thierry: Ech kann deng Astellung zum moofe Reen verstoen, wa scho moof, da richteg MOOF ;)
Hunn dës lescht zwar mol méi eng chilly Versioun vu Purple Rain entdeckt, ze fannen op “a young mind” vum Michel Reis.