A lass geet et.
#250 Weezer – Buddy Holly
Ech wollt de Buddy Holly gäer zweemol an der Lëscht hunn, mee mir ass kee Lidd vun em agefall, wat ech hätt kënnen huelen. Also duecht ech mer, huele mer alt déi gutt al Weezer, mat deenen hat ech ëmmer Freed an de Video zum Lidd ass och flott. E Klassiker quasi.
#249 Boney M – Ma Baker
Keng Lëscht ouni Boney M. Et ass wahrscheinlech eng vun den nullste Gruppen, déi et jemols gouf, mee trotzdem wen dorop net abgeht, huet e Briet am Aasch.
#248 Imogen Heap – Hide and seek
Wat dat Lidd a ménger Lëscht verluer huet, wees ech lo selwer net, mee ‘t schéngt awer dran ze sinn. Lo no 3 Lidder fänken ech scho rem un d’Lëscht schäiss ze fannen.
#247 Sex Pistols – Anarchy in the UK
Ech si kee Fan vun de Sex Pistols. Absolut net. Mee wann een eng Lëscht vun 250 Lidder mécht, kënnt ee schwéier laanscht se. A sou schlecht ass dat rëffegt Asilidd jo och rem net, gell?
#246 Oasis – She’s Electric
Ech wollt en Equiliber an d’Lëscht bréngen, dofir hunn ech ganz um Ufank direkt mol en Lidd vun Oasis bruecht. Op “She’s Electric” hunn ech zu Glasgow am “Guru” mam Marie stackbesoffe gedanzt, et war herrlech. Sou wéi d’Lidd, an Oasis generell.
#245 ABBA – Waterloo
Wann ech mer et sou iwwerleen, hätt ech dat Lidd och méi no vir kënne setzen. Ech fanne vun ABBA geet iergendwéi sou eppes faszinantes aus, wat ech selwer net wierklech novollzéie kann. Onvergiesslech zu dësem Lidd bleift awer ëmmer déi herrlech Szen bei de Simpsons, wou de Smithers dem Burns séng Kassett iwwerspillt huet.
#244 The Police – Roxanne
Ech géif gäer The Police live gesinn dëse Summer. De Sting alleng bréngt et net, mee zu drëtt ass et genial. “Roxanne” ass sou en typescht Lidd, wat all Mënsch iergendwéi ënnerschätzt, obwuel et dach fierchterlech cool ass.
#243 Ween – Buenas Tardes Amigo
Dat Lidd leeft a “Lammbock” an an “Herr Lehmann”. Dofir kennen ech et. Et besëtzt sou e gewësse Charme vun engem Lidd, wat eng richteg Geschicht erzielt, mat engem Monolog an deels schéi ruppeg verzerrt gespillte Gitaren. Genee mäi Goût.
#242 David Bowie – Changes
Ech si kee Bowie-Fan. Mee iergendee Lidd vun em muss jo awer dra sinn, also “Changes”, dat ass net schlecht.
#241 Absolute Beginner – Füchse
“Ein Fuchs muss tun, was ein Fuchs tun muss.” Recht hunn d’Hären Jan Delay, Denyo 77 a Samy Deluxe an dësem absolut geniale Lidd, mam (wann ech d’Wuert benotzen dierf) fetteste Bass, deen d’Mënschheet je héieren huet.
#240 Beyoncé – Crazy in Love
Lo wäerten déi éischt opgehal hunn ze liesen, mee ech fannen dat Lidd wierklech gutt. Et muss jo net ëmmer alles kulturell wertvoll an intelligent sinn. E bësse Mutschemusék kann dach och säi Charme hunn.
#239 Blur – Boys & Girls
Dass dat Lidd eppes huet, brauch ech jo wuel kengem ze soen. Wat et ass, wees och jiddereen. An zwar en hypnotesch zum Matsangen an -danzen zwéngende Refrain.
#238 King Crimson – In the Court of the Crimson King
Aus der Këscht: “Was Mutti gut fand.” Et huet awer eppes, nee?
#237 Television – Marquee Moon
Television si sou wéi hir Nofolger The Strokes. Extrem cool, mee op Dauer langweileg. Trotzdem besser wéi di meescht aner.
#236 The Beatles – She Loves You
Iergendwann muss et och mat der gréisster Band aller Zäite lassgoen. Et kënnt nach méi dovunner. Och empfielenswäert déi wonnerbar witzeg Iwwersetzung, déi hinnen de Camillo Felgen geschriwwen huet: “Sie liebt dich”.
#235 Smashing Pumpkins – Today
Un d’Groussaartegkeet vun deem Lidd sinn ech erënnert ginn, wéi ech déi éischt puer Akkorden vun hirem Optrëtt bei Rock am Ring um MTV gesinn hunn. Et war elektriséirend a grandios.
#234 The Roots – The Seed 2.0
Dat Lidd huet en onwahrscheinleche Groove (all déi gutt Wierder hunn ech well benotzt, da gräife mer lo zu der zweeter Klass). Et lued einfach, vum ?uestlove gedriwwen zum Kappnicken an.
#233 Red Hot Chili Peppers – Under the Bridge
Ech hunn d’läscht rem dat grujhelegt Cover vun All Saints am Radio héieren, an et ass mer kal de Bockel rofgelaf. Wéi kann ee sou Klassiker einfach op déi Aart a Weis verschandelen.
#232 The Velvet Underground – I’m Waiting for the Man
De legendären Album mat der Banann vir drop, huet méi wi nëmme Banannen dran (dee Saz ass express sou null, ech wëll wëssen wéi et ass, wann ee fir d’Tageblatt schreift). De Lou Reed ass scho saucool.
#231 The Stone Roses – Your Star Will Shine
Wann ech de Gerüchter gleewen dierf, waren d’Stone Roses 1990 mol déi gréisste Band op der Welt. Dat hätt ech gäer erliewt, genee sou wéi den Ufank vun de Beatles a vun Oasis. Den Ufank vun den Arctic Monkeys ass en drëschene Fuerz dogéint. Dëst Lidd ass aus hirem zweeten a läschten Album “Second Coming” vun 1994. ‘t ass schued, dass net méi aus der groussaarteger Grupp ginn ass.
#230 Moby – Bodyrock
Wéi genial muss dat Lidd réicht op Ecstasy sinn?
#229 Oasis – Married with Children
Super Text vum Noel Gallagher, passend zu der roueger, quasi minimalistescher Musék. Et kënnt na souvill méi vun Oasis, dofir spueren ech méng Wierder nach.
#228 The Rolling Stones – Sympathy for the Devil
Heinsdo mécht den Titel vum Lidd och villes aus. Well wann ee liest “Sympathy for the Devil”, denkt ee schon, dat muss jo eppes sinn. Dass et herno eppes, mee net vill ass, ass dann och egal.
#227 Trio – Da Da Da
Dat Lidd gehéiert rem zu der Kategorie: sou schäiss, dass et scho rem gutt ass. Mir imponéiert nach ëmmer wéi hiren Drummer während dem Spillen en Apel iesse kann.
#226 Muse – Unintended
Mir ass dat Lidd nie wierklech opgefall, bis ech um Concert war. Éierlech gesot war ech wuel daf bis dohinner, oder einfach nëmmen e riesegen Idiot.

Hide and Seek esouwäit hannen?! Ech si gespaant wat do nach alles kennt. :)