Ech war gëschter fir d’alleréischte Kéier a méngem jonke Liewen an eng lëtzebuergesch Disco (MukoMuko).
An et ass näicht fir mech, wat mech awer o net wierklech iwwerrascht huet. Egal, dat war gutt fir eng Kéier. Ech sinn eben e Provënzler, a bleiwen dat och ëmmer. (Ech mengen, et wier wahrscheinlech méi flott gewiescht, wann ech méng duerch provënzbedéngt uergt Saufpotenzial extrem resistent Organer méi gefuerdert hätt, a mech gehirlos weg geheit hätt. Mee 1. ech war Raoul an 2. 4,50 € fir e “Béier”.)
D’Haaptsaach ass: Ech hunn d’Mandy gesinn a wäsche mer lo nie méi méng Aen (hihi). Am Géigesaz zum Prollfede hat ech awer genug Ustand mer et just unzekucken an et net nach zu enger Foto ze néidegen. Naja, de Fede war jo och ganz brav am Fong, gedu.

Ech kann ganz stolz behaapten, dass ech nach ni am Muko war. An do kritt mech och keen hin. :)
Top! :D
De Muko ass dach Schrott. Dann léiwer rem de Melu.
muko ass doof.
flying. wou soss laafen oasis, pixies an doors :)
Ey! :P Ech hat zwar effektiv fier, hat och zu enger “Foto ze néidegen”, mee wéi et dun reegelrecht “iwwerfall” ginn ass, huet mäin Ustand awer nach gewonn :P
De Béier war iwwregens 3.50 € :)
Oh gott, ech sin mam Thorben enger Meenung. Mee daat ASS einfach esou. De Fly ass einfach genial :) An ech fannen MukoMuko klengt schon wéi eng Schwulebar. :-P