Normalerweis hunn ech besser mech net op Filmer ze freen, virun deem iergendeen se gesinn huet. Et geet neemlech meeschtens grëndlech an d’Box. Rezent Beispiller: “Marie Antoinette” oder zwee Filmer op déi ech mech säit engem Joer freen, mee nach ëmmer net raus sinn. Kee gutt Zeechen. Mee a ménger Lëscht (scho rem eng) si se alt rem dobäi.
Ech hunn einfach mol, méi oder manner instinktiv 10 Filmer an enger Lëscht zesummegeklakt. Ech freen mech wierklech op se all, an ech mengen et si réicht zwee Stéck dovun dem Publikum virgestalt ginn. Een dovunner krut grauseg Kritike, den aneren wonnerbarer. Also, ech si gespaant.
Als éischt mol nach Filmer op déi ech mech freen, déi just na net a Lëtzebuerg ugelaf sinn: “The Fountain”, “Breaking and Entering” an “Clerks 2″. Déi missten awer geschwënn do sinn.
Dann em puer, déi am Laf vum Joer, oder och réicht Ufank 2008 misste kommen, déi et awer net a méng Lëscht gepackt hunn:
- Sweeney Todd vum Tim Burton, mam Johnny Depp, Helena Bonham Carter, Sacha Baron Cohen an Alan Rickman. Iergendwéi trauen ech dem Tim Burton zou, heimadder e rieseg grousst Debakel ze produzéiren. Et kéint awer och genial ginn. Wann de Film do ass, wësse mer ob d’Geschicht vum mörderesche Coiffeur gutt bei him opgehuewen ass oder net.
- My Blueberry Nights vum Wong Kar Wai mam Norah Jones, Jude Law, David Strathairn an Natalie Portman. Dem Wong Kar Wai säin éischten engleschsproochege Film, dofir sinn ech skeptesch. Dozou kënnt, dass d’Geschicht fiirchterlech no “Crossroads” oder “Glitter” kléngt. Mee kann de Wong Kar Wai e schlechte Film dréien?
- Pirates of the Caribbean: At World’s End vum Gore Verbinski mam Johnny Depp, Keira Knightley, Orlando Bloom an Geoffrey Rush. Den zweete Film huet mer bei der zweete Kéier, dass ech e gekuckt hunn, awer nach gefall. En ass gutt. Mee wéi der Däiwel soll déi Geschicht lo weidergestréckt ginn? Gespaant sinn ech iergendwéi nach net.
- Motherless Brooklyn vun a mam Edward Norton. D’Geschicht handelt vun engem Flic mat Tourette Syndrom. Ech si jo e grousse Fan vum Norton, mee “Keeping the Faith” war net sou den Hummer, dass ech hei och nach méng Zweifel hegen. Et kléngt fir mech bësse sou, wéi wann den Ed Norton sech séng Roll, mat däer en den Oscar gewanne wëll, selwer gecschriwwen huet. Firwat net, wann et gutt ass?
An nom Strëch da méng 10 Filmer.
#10 The Assassination of Jesse James by the Coward Robert Ford
D’läscht Joer war et nach de Film op deen ech mech am meeschte gefreet hunn, lo ass e just nach op zéngter Plaz. Iergendeppes muss net mat em stëmmen, soss wier en net em ee Joer verréckelt ginn. Trotzdem gefällt mer nach ëmmer de Cast mam Casey Affleck, Brad Pitt a Sam Rockwell a virun allem den Titel. Ech mengen, ech hunn na nie sou en immensen Titel fir e Film gesinn. E gudde Western ka mech ëmmer begeeschtren, dofir freen ech mech heirop.
#9 The Bourne Ultimatum
Den drëtten a läschten Deel vun der beschten Actionfilmer vun de läschte Joeren. Vu dass ech d’Bicher net gelies hunn, wees ech net wéi et ausgeet a freen mech wierklech dorobber de Schluss vun der Geschicht em den Jason Bourne kennen ze léiren. De Matt Damon ass ee vun den talentéiertste jonken amerikanesche Schauspiller an de Paul Greengrass ee vun de Stars ënnert de jonke Regisseuren. Zesummen hu se mech well zweemol absolut iwwerzeegt an et sollt hinnen och eng drëtte Kéier funktionnéiren, hoffen ech.
#8 The Other Boleyn Girl
Dee Film get wahrscheinlech absolute Schmu, mee et geet mir duer, dass d’Scarlett Johansson an d’Natalie Portman matspillen fir dass ech e gesi muss.
#7 Cassandra’s Dream
Woody!!!
#6 Southland Tales
Den neie Film vum “Donnie Darko”-Realisateur Richard Kelly. De Cast vum Film kléngt sou wéi wann de Richard Kelly mat engem Minibus d’Schauspiller bei d’Aarbechtsamt zu Beverly Hills oprafe gaang wier. Kuckt iech et un: Dwayne “The Rock” Johnson, Sarah Michelle Gellar, Seann William Scott, Mandy Moore, Jon Lovitz etc. Ze Cannes hu se de Film gehaasst, an iergendwéi mecht déi Kulminéirung u negative Komponenten deen anscheinend fiirchterlech absurde Film fir mech sou reizvoll.
#5 The Simpsons Movie
E Film an 2D. Wéini get et dat nach? An dann o nach mat der coolster Famill op der Äerd.
#4 Hot Fuzz
Den zweete Film vum Ed Wright a vum Simon Pegg, also souzesoen den Nofolger vu “Shaun of the Dead”. Just des Kéier get et keng Zombies, mee Flicen. An der ImDb huet de Film lo schon en 8.3 Rating, dobäi wousst ech wéi ech ugefaang hunn desen Artikel ze schreiwen na net mol, dass schon iergendeen e gesinn hätt. Ech freen mech wéie Kichelchen.
#3 Zodiac
Neie Film vum David Fincher mam Jake Gyllenhaal, dee vum Bierg rof ass, mam Robert Downey Jr., deen definitiv rem zréck aus der Betty Ford Klinik ass a mam Mark Ruffalo. De Fincher kënnt zréck bei d’Serial Killer Geschicht, wéi en se och schon a “Se7en” behandelt hat, an däerf een éischte Kritike gleewen, mecht en dat op eng erstaunlech Manéier. Ëmmerhin huet e momentan 92% méi Zoustëmmung op Rotten Tomatoes wéi “The Number 23″, deen lo just nach op 8% läit.
#2 Spider-Man 3
Ech muss et net nach emol erklären, oder?
#1 There Will Be Blood
Endlech en neie Film vum P.T. Anderson. Des Kéier ass kee vu sénge gewéinleche Schauspiller dobäi, net mol de Luis Guzman. Et ass eng Geschicht, déi um Ufank vum läschte Joerhonnert rondrem eng Klengstad dréit, déi duerch en neiräichen Uelegmogul (Daniel Day-Lewis) ugedriwwe get. Anerersäits geléngt engem jonke Paschtouer (Paul Dano) d’Kierchgänger ze begeeschteren. Ech wees net vill iwwer d’Geschicht, mee de P.T. Anderson schafft mat séngen albekannten techneschen Assistenten fir Kamera, Sound etc. zesummen, sou dass engem groussaartege Film eigentlech näicht am Wee stoen dierft.

Bourne hun ech den zweeten Deel mol nach net gesin, Spiderman och net, mee ech mengen ech gi mer déi drett Deeler trotzdeem ukucken. Dass ech mer de Woody Allen Film ukucken gin sierf op deser Plaz implizit. ;) “There will be blood” kléngt nawell och intressant.
Ofgesin vun de Filmer déi ech schon eemol opgelescht hat a mengem Blog freen ech mech awer och nach op den “In The Land of Women”. Déi fir een Hollywood Movie dach éischter aussergewéinlech Liebesgeschicht (Teenager an Erwuessenen) an d’Tagline “The hardest line about losing love is finding your way back.” verspriechen ee gewessent Moos un originellem Script. :)
Ech freen mech op alle Fall drop erem méi oft an de Kino ze goen, a leschter Zäit war et zumindest hei op der Insel e bessen rare mat gudde Filmer.