Ech fannen et ëmmer interessant wa Leit wierklech Coverversioune man vu Lidder, déi och iergendwéi eppes neies sinn an net nëmmen do si fir Geld ze scheffelen. Iwwerhaapt huet e Cover just d’Existenzberechtegung, wann et d’Lidd nei interpretéiert an an eng aner Richtung féiert, déi awer valid ass. (Dat heescht zum Beispill “Wonderwall” vum Ryan Adams däerf sinn, alles vun Nouvelle Vague och, “American Pie” vum Madonna oder “Knocking on heaven’s door” vu Guns ‘n’ Roses net.)

Besonneg interessant get et dann wa wierklech Fans d’Musék vun hiren Idoler nei gestalten. Dat gouf et scho méi oder manner flott zum Beispill op der Fansäit vun Tocotronic ze bestaunen, mee d’Fans vu Bloc Party, enger jo sou schon immens kreativer Band, beweisen hierersäits hier Kreativitéit mat Blag Party. Zemols un d’Häerz leen ech iech “Banquet”, wat net nëmmen am Original hiert beschte Lidd ass, mee hei lo och dat interessanteste Cover huet.