Folgend Geschicht huet mech zum Blogge bewegt:
Ech man mai PC un, krut 4 Mails. Als éischt liicht genervt, dass 3 dovunner Spam sinn, dee sech alt mol rem eng Kéier duerch de Filter geschlach huet, zitt déi véiert dach meng Opmierksamkeet op sech.
Absender: david breuskin
Betreff: mando diao
Um Ufank war ech liicht irritéiert, ass et Spam? en Iirtum? Trotzdem hunn ech mech dozou genéidegt gefillt aus purem Fierwerz, d’Mail ze liesen. An zu menger grousser Iwwerraschung den Inhalt vun der Mail:
“bjuer
ech hun duerch eng google sich deng offerte gesin. hues de déi nach ze verkaafen?”
Bon, meng Offerte. Éischt Reaktioun: Häh? Dunn awer huet et Klick gema a mengem Kapp an ech hu mech un e Bäitrag erënnert, deen ech mol an engem Forum geschriwwen hunn, an zwar den 9. Oktober 2005:
“Iergendeen un 2 Ticketen fir Mando Diao kucken ze gon intresséiert? De Concert ass de 25.10. am Atelier an d’Ticketen hu mech zesummen 48 € kascht, well ech se awer onbedengt well lass gin, géif ech och e gutt Stéck mam Praiss rof gon?”
Den David, deen aarme Kärel ass also batter vu Google getäuscht ginn, vu dass en op senger verzweifelter Sich no engem Ticket fir den ausverkafene Mando Diao Concert, de 27. November 2006 am Atelier op en Ticket fir den och ausverkafene, mee virun allem laang vergaangene Mando Diao Concert am Atelier, den 25. Oktober 2005 opmierksam gema ginn ass.
En neie Beweis dofir, dass Google ofgronddéif béis ass, dee mech dozou geleed huet alt en neie Fändel fir Lëtzebuerg z’entwerfen, deen d’Kaafwut vu Google widderspijelt.

SI si Google. Du gehéiers lo HINNEN.
Ech holle mer d’Fräiheet heirop ze verweisen (wins der flotter Billerkollektioun): http://anektdote.net/wordpress/?p=148
Ajo, dat hat ech mer souguer beim Meris ugekuckt.
Mee wann de Butték hei leeft, lossen ech mech souwisou vu Schmoogle kafen.
Google war an desem Fall zwar mol zur Ofwiesslung net béis. Deen armen Kärel war just net schlau genuch fir den Datum ze kucken. :)
Wat awer naicht drun ännert, dass Google béis ass. ;)
Dat sot jo och keen. ;)