2000-09: Dem Chris säi filmesche Réckbléck (2/8)

Ech weess, et ass eng ganz komesch Saach, dass ech e schlecht Gewëssen géigeniwwer Filmer hunn, wann ech se gär hunn, mä se net a meng Lëschte ragezwängt kréien. Et ...

Allerlee

Et ass Sonnden nomëtteg an et ass langweileg zu Heidelberg. Kee gutt Wierder fir raus, ze faul fir eppes ze léieren, also maache mer mol Äerdbier-Molbier-Crème an hannerloosse mol rëm eng kéier ...

Dreams Off

Et ass een opgereegt obwuel een eigentlech guer näischt ze maachen huet.  Et gesäit e Leit rem bei deenen et engem rem bewosst get weivill een dat hei alles vermësst ...

Top 10 Filmer vum Joer 2009

#10 THE INFORMANT! (Steven Soderbergh) Ech hu mer et zur Gewunnecht gemaach, dass op menger zengter Plaz e Film ass, deen ech perséinlech extrem interessant fonnt hunn, mä wou ech ...

Filmer vum Joer 2009: Éierbar Erwienungen

Antichrist (Lars von Trier) De Lars von Trier ass vläicht mëll, mä grad esou genial – an ech sinn em onendlech dankbar dofir, dass e mer d’Méiglechkeet gëtt de Begrëff ...
Virdrun 1 2 3 4 5 Weider

Ab op Venedeg.

Geschriwwen den 1/09/2010 vum Thorben2 Kommentaren

Wéi munchereen vläit schon an der Press gelies huet, dierf ech déi nächst 12 Deeg, zu mengem an aaneren Leit hierem Onverständnis, Lëtzebuerg an enger Jugendjury um Filmfestival zu Venedeg repräsentéieren.

Dofir gëtt et en separaten, engleschen Blog vu mir. Loosst Iech vun deem prätentiéisen Titel net oofschrecken, a kuckt déi nächst 12 Deeg mol ran. Joël, du dierfs och op Lëtzebuergesch kommentéieren.

2000-09: Dem Chris säi filmesche Réckbléck (2/8)

Geschriwwen den 30/08/2010 vum Chris6 Kommentaren

Ech weess, et ass eng ganz komesch Saach, dass ech e schlecht Gewëssen géigeniwwer Filmer hunn, wann ech se gär hunn, mä se net a meng Lëschte ragezwängt kréien. Et ass eigentlech souguer relativ lächerlech – ouni Zweifel.

Allerdéngs gëtt et jo d’Méiglechkeet éierbar Erwienungen ze ernennen, dat heescht Filmer, déi wierklech zitéiert gi sollten, mä heiansdo einfach just ëm e Krack net gutt genuch, oder déif genuch a mengem Häerz sinn fir op d’Lëscht ze kommen. An vue dass et am éischte Joerzéngt vun eisem neie Joerdausend méi wéi 50 gutt Filmer gouf, muss ech einfach enger ganzer Rei Filmer hei nach emol meng Léift gestoen. Hei sinn 10 Stéck an alphabetescher Reiefolleg:

2046 (Wong Kar Wai, 2004)
Dëst Sequel zum Wong Kar Wai sengem In the Mood for Love ass wahrscheinlech ee vun de faarwegste Filmer, déi je gedréit goufen. Einfach nëmme wonnerschéin an och herrlech traureg. Pur Poesie, souwuel thematesch, wéi och vun der Ausféierung hir.

(more…)

Hysteria an eis Frënn vun der Lëtzebuerg Privat

Geschriwwen den 30/08/2010 vum Thorben5 Kommentaren

D’Lëtzebuerg Privat huet Wand dovu kritt, dass aus Lëtzebuerger Fördermëttelen dem Tanya Wexler säi Film Hysteria finanzéiert gett. D’Reegel ass relativ einfach: wann een an engem Land e Film mécht, kritt een do Ënnerstëtzung, an dat ass a ville Länner sou. Dat ass och verständlech, wëll dat wat e Land dovunner huet ass bal ëmmer vill méi héich wéi dat wat se investéieren, Film ass e lounend Geschäft, och fir Investoren. Dofir ass et och gezielt Desinformatioun ouni Argumenter, Filmfinanzéierung als einen solchen Unfug ze bezeechnen.

Dobäi kommen déi üblech Mängel: D’Lëtzebuerg Privat ass sech net eenz, ob de Film Hysteria oder Hysterie heescht, an och net capabel, den Numm vun der Regisseurin richteg ze schreiwen.

Da stellt sech fachmännesch d’Fro, ob esou e Film (et geet em d’Erfindung vum Vibrator) kéint erfollegräich sinn, well d’Dreihbuch soll flaach sinn an keng Spezialeffekter am Film sinn. D’Kalitéit vun engem Film un Spezialeffekter unzeman, ass e graffe Grëff doniewt, an dat se d’Dréihbuch gelies hunn bezweifelen ech – a suguer wann, Lost In Translation haat och keen Dréihbuch.

Da stellt den Artikel fest, dass d’Schauspiller zwar gutt sinn, awer de Film floppe wäert, ausser wann en eng Comédie wier - Doch dies ist nicht vorgesehen. Hätt de Schreifkrëppel vun der Privat just eng Kéier an den Internet geluusst, hätten se kënnen nooliesen, dass et eng Rom-Com gëtt, eng Romantik-Comédie.

Oofschléissend gëtt das festgestallt, dass Lëtzebuerg ëmmer rem banal Projeten fördert. Dat ass deelweis wouer, villfach awer net. An, d’Suen kommen awer hei un, ob de Film floppt oder net. Ass do also eppes falsch drun? Dësen miserabel recherchéierten Artikel mecht just Angscht virun Filmförderung, wou eigentlech guerkeng bräicht ze sinn.

2000-09: dem Chris säi filmesche Réckbléck (1/8)

Geschriwwen den 27/08/2010 vum ChrisKeng Kommentaren

Mir bei Pianocktail hu laang un enger Lëscht geschafft an där eis Auteuren probéiert hunn d’Filmer vum vergaangene Joerzéngt an eng schéin Reiefolleg ze setzen fir déi 50 bescht ze bestëmmen. Leider Gottes, denken ech, ass dëse Projet, deen eigentlech saucool war virleefeg gescheitert. Firwat? E puer Grënn gëtt et: do wier éischtens mol eis enorm Lidderegkeet. Zweetens hu mer keng gutt Aart a Weis fonnt fir eis eenzel Meenungen an eng gemeinsam zesumme fléissen ze loossen. Net zu lescht hat et sécherlech och mat menger Arroganz ze dinn, mat där ech munch Filmer, déi op Lëschten opgetaucht sinn zur Sau gemaach hunn. An d’Feelen vun aneren beklot hunn. (Ech sinn e schreckleche Chef. Frot den Thorben.)

Soit. Hoffentlech kréie mer de Projet awer nach iergendwéi zu Enn bruecht. Et wier cool. Bis dohin tréischten ech mech awer domat, dass ech meng 50 léifste Filmer an e puer éierbar Erwienunge virstellen. An dat all Méindeg, bis dass d’Serie riwwer ass, an insgesamt aacht Deeler – dat hei wier den éischten.

Dëse Méindeg geet et un mat den éierbaren Erwienungen. Ech hoffen dir freet iech drop fir mat ze diskutéieren. D’Lëscht ass komplett subjektiv, also reegt iech net zevill driwwer op, wann är Filmer feelen – déi si sécherlech grad esou gutt.

(PS: jo, de Film op der Foto ass dobäi. Dir kënnt jo alt emol roden, wou.)

Who the hell is Dr. Lyle Evans?

Geschriwwen den 25/08/2010 vum Chris5 Kommentaren

Schon ëm puer mol hu mir iwwer clever Reklammen hei geschwat, an ech denken et ass zemools den Thorben, deen sech ëmmer rëm doriwwer freet. Clever Reklammen ass d’Façade fir d’Welt vu Mad Men, der beschter Serie, déi momentan fir de Fernseh produzéiert gëtt. Während ech scho laang no engem Virwand gesicht hunn, meng Léift fir Mad Men an engem Bäitrag ze erklären – dir wëllt net wëssen, wéivill Drafts ech geläscht hunn, respektiv nach hei leien hunn, déi ech der Serie net wierdeg fonnt hunn – huet de Matthew Weiner a säi writing staff mer lo endlech e gudde Grond ginn.

An der Episod vun e Sonndeg gouf nämlech déi cleverste Reklamm bis ewell geschalt, an déi Kéier keen “it’s toasted” oder “Carousel” Pitch vum Don Draper, mä et ass eng Reklamm fir d’Serie selwer. Mad Men gëtt meta, a kënnt am Joer 2010 un.

Wéi de Pete Campbell am Joer 1965, 20 Joer nom Enn vum 2.Weltkrich wëll Honda zum Client vun der Agence maachen, reegt sech de Roger Sterling, Chef vun der Agence, deen am Pazifik gekämpft huet op an seet dat eenzegt wat méi schlëmm wier wéi e Japaner a senger Agence, wier den Dr. Lyle Evans. Kuerz nodeem de Sterling schnaubend de Sall verléisst, seet de Pete: “Who the hell is Dr. Lyle Evans?” “Who the hell indeed?” hu sech eng jett Fans geduecht an et gegoogelt, just fir ze mierken, dass déi Persoun absolut net diskussiounswierdeg war. Well se net existéiert.

Mad Men hunn de Leit souzesoen eng Virlag geliwwert fir op den Internet ze goen an mateneen ze diskutéieren, wien déi Persoun wier, déi do erwient ginn ass. A während dës Show sécherlech scho relativ bekannt ass, ka se doduerch trotzdem just d’Interesse vun de Leit steigeren. Dat nennen ech verdammt cleveren Marketing.

Mä manner hätt ech mer wierklech och net erwaart vun enger Show, déi all Woch nees u Grenze geet, déi sech vill aner Serien guer net virstelle kënnen. Eng Serie, bei där d’Personnagen, ouni sech grouss ze veränneren, awer ëmmer méi räich un Facetten ginn. Eng Serie an där et keng Béiser, a keng Gudder gëtt, mä just Leit, déi wëlle liewen, a liewen a liewen. Bon, zu menger manescher Veréierung vun Mad Men en vue vun deene Punkte vläicht eng aner Kéier.

Et gëtt leider keen Ausschnëtt vun der Zeen op Youtube. Ech hunn zwee Deeg mam Artikel gewaart, an der Hoffnung, dass een optaucht. Méi laang konnt ech net méi waarden.

Biologeschen Nonsens

Geschriwwen den 17/08/2010 vum ThorbenKeng Kommentaren

Mir beriichten jo nët méi vill iwwert d’Lëtzebuerg Privat, well se e bëssen hier Zänn verluer huet, an lues awer sécher zu enger landeswäiter Sauerzeitung/Muselzeitung gëtt, déi soss näischt méi ze dinn hunn, wéi den Météosberiicht op RTL.lu unzeprangeren. Ma heiansdo bréngen se awer nach eppes Lëschteges. Zum Beispill hier läscht Headline:

Am Artikel erklärt sech dann “zeigt sich selbst gegen Notfall-Antibiotika resistent.” – wann et dann, wéi am Titel suggéréiert gëtt, e Virus wier, dann wier dat jo och net weider verwonnerlech, vue dass Viren sech näischt aus Antibiotiquen man. Am Artikel gëtt dann awer kloer, dass den Schreiwer wahrscheinlech ob 7e an der Bio gepennt huet (oder nie eng 7e gemaach huet), an mengt Viren an Bakterien wieren dat selwecht – kleng fies Denger déi Menschen futti man. Léif Lëtzebuerg Privat, mir verstinn dass et schwéier ass Leit ze kréien mat enger Ausbildung, mä eng 5e gepackt ze hunn wier jo awer net zevill verlaangt. Dofir nach eng Kéier Noohëllef: Wat si Viren, wat si Bakterien.

Haut…

Geschriwwen den 13/08/2010 vum ThorbenKeng Kommentaren

ass kee gudden Daag.

Den Déif.

Geschriwwen den 10/08/2010 vum Chris13 Kommentaren

Ech muss mäi schéine Blog e Moment mëssbrauchen fir eng perséinlech Geschicht ze zielen. Net well se sou interessant wier, mä well ech mer duerch Är Kommentaren e bessert Verständnis vun der Situatioun erwënschen.

Zanter Wochen gëtt eis aus der Bréifboîte quasi all Moien op mannst eng vun eisen Zeitunge geklaut. Dat huet genervt, mir hunn eis ufanks bei der Post beschwéiert, well mer duechten et wier hire Feeler a sou virun. Wéi mer du wierklech gemierkt hunn, dass d’Post näischt dofir kéint, ass meng Mamm alt heiansdo viru 6 opgestan fir virum Déif bei der Boîte ze sinn. Dat huet dunn och relativ gutt funktionéiert, mä leider hu mer ni de Moment erwëscht fir den Déif z’erwëschen. Dat ass halt sou gewiescht, an op d’Police wollte mer och net goen.

De Mëtteg ass meng Mamm dunn awer op d’Police gaang. Well dës Kéier hu mer misse feststellen, dass eis net nëmmen d’Zeitungen, mä och d’Post geholl gouf. Wouhir mer dat wëssen? Ganz einfach, well de cleveren Här Déif sou fein war se ze zerrappen an an d’Gemengenhecken nieft eisem Haus ze geheien. Dat war an dësem Moment extrem iergerlech, well déi geklaute Bréifer waren éischtens d’Tickets zu engem Fussballmatch, dee mir wollte kucke goen, an nach méi krass: d’Tickets fir eis Vakanz.

Lo froen ech mech: wien mécht sou eppes? Wéi béis an domm muss déi Persoun sinn, fir de Leit muttwëlleg Saache futti ze maachen? En hätt se jo och klauen kënnen, mä nee, e mécht se futti an ass wéi den Nic soe géif “selbstlos béis”. Ech verstinn et einfach net.

Männlech fillen.

Geschriwwen den 8/08/2010 vum Thorben13 Kommentaren

Doriwwer, wat e Mann ass, gouf an gëtt emmer vill diskutéiert. Den Herbert Grönemeyer an d’Nina Hagen sangen Lidder doriwwer. Amazon verkeeft honnerten vu Bicher, déi engem hëllefen sollen seng maskulin Identiéit ze fannen. A verschiddenen Beruffer gëtt een ob dat allerbéist diskrimiéiert wann een e Mann ass. An de Barney Stinson gëtt vun allen vergöttert, wéi wann hien d’Äntwert op all d’Froën wier.

Um Filmfestival zu Edinburgh wor ee vu menge Lieblingsfilmer de Film Freetime Machos vum Mika Ronkainen. An eigentlech seet desen Dokumentarfilm iwwert déi nördlechst an drëttschlechst Rugbyekipp op der Welt alles iwwert d’Mann-Sinn, wat muss gesot ginn. A man is supposed to be both, soft and hard. An attentive listener and a macho-man. A gentle family man and a crazy lover. heescht et do.

An trotzdem sinn all déi Saachen näischt, wat mech mech männlech fillen léisst. Ech verroden Iech haut hei exklusiv, a wéienger Situatioun ech mech am männlechsten fillen:

Am Baumarkt.

An dobäi ass et egal, ob B&Q, Hornbach, OBI oder Bâtiself. Okay, am Bâtiself fillen ech mech éischter aarmséileg wéi männlech. Mir sinn duermols ob 2e an ob 1e an der Mëttesstonn dacks séier ob Bitburg gefuer mat 5 Jongen, an de Burger King gaangen an dono eng Stonn duerch de Baumarkt gezunn. Buermaschinnen, Trennscheiwen an Hochdruckreiniger gekuckt. De Baumarkt kondenséiert alles dat roof, wat zu eisem Geschlecht gehéiert. Trennscheiwen a Luuchten. Buermaschinnen an Wues. Schweessapparater an Hausdéieren. Männer kënnen keng Kanner kréien (ausser a beschassenen Filmer). An obwuel eis domat vill Fräiheeten bleiwen (déi Fraen emmer méi rem wechkloen), leiden Männer instinktiv dorënner. Dofir musse Männer aanecht kreéieren: Mir bauen Rakéiten, Brécken, Héichheiser, Booter oder eben eng Feierplaz. An e Baumarkt ass de Katalysator, d’Mëttel fir dësen Komplex ze iwwergoen. E Baumarkt ass de männlechen Uterus. De Baumarkt ass déi Plaz, wou Männer zesumme kommen, Projéen diskutéieren an Maschinne kaafen. Dobäi geet et net drëms sexistesch ze sinn oder op Stereotypen remzehacken. Et geet em eng Welt. Inspiréirend fir dëse Post wor ënner anerem eng Facebook Foto vum Staater, wou hien sech e Grupp kaaft huet (e Stroumgenerator fir eis weiblech Lieser), an gesot huet Et ass Feier bannendran an et kënt Strom eraus, et ass d’Essenz vun der Männlechkeet. Dat ass et.

Hornbach probéieren ënnerdeems dorauser Kapital ze schloen. An hiere Reklammen weisen si dass si dat verstaanen hunn. Baumärkt sinn déi nei Tempelen vun der Maskulinitéit.

(E bëssen Ironie ass an dem Post schon drann)

Alt erëm e Sherlock Holmes

Geschriwwen den 1/08/2010 vum Jacques25 Kommentaren

D’ Holmes-Fans hu Grond zur Freed: No Joere vu mannerwäertegen, stümperhafe Versich hire Lieblingsdetektiv op den Écran ze bréngen, nodeems Nimm wéi Basil Rathbone oder Jeremy Brett scho bal vergiess goufen, ginn et säit e puer Joeren eng ganz Rei qualitativ héichwäerteg Reboots oder Neierfannunge vum Arthur Conan Doyle sengem Stoff. Et gëtt House M.D., déi dem Holmes seng Kriminalfäll a medizinesch Fäll verwandelt, et gëtt dem Guy Richie säi Sherlock Holmes, dee méi a Richtung Action-Film tendéiert, an elo gëtt et säit kuerzem och Sherlock, eng nei Série op BBC 1, vun där déi éischt Episod A Study in Pink de 25. Juli ausgestrahlt gouf.

A Study in Pink erënnert selbstverständlech un A Study in Scarlet, dat éischt Sherlock-Holmes-Buch vum Doyle. Och wann d’ Geschicht an déi modern Zäit verréckelt gouf, an och wann deen een oder anere Plotdetail verännert gouf, kann een d’ Parallelen tëscht där neier Série an deem ale Buch net iwwersinn. Zumools bei där Zeen, an där de Sherlock Holmes an den John Watson sech kenneléiere, gouf praktesch de gesamten Dialog vun 1887 bäibehal (de Watson kënnt esouguer a béide Versiounen aus dem Afghanistan-Krich heem). Den Holmes gëtt gespillt vum Benedict Cumberbatch, de Watson vum Martin Freeman (The Hitchhiker’s Guide to the Galaxy, The Office). Allebéid si se immens charismatesch, a passen op hir Rolle wéi den Nol op de Kapp. Obwuel d’ Geschicht haut spillt, huet dem Holmes seng Apparence, seng Diktioun a seng Kleedung nach ëmmer eppes vun engem viktorianeschen Dandy à la Oscar Wilde, an heiansdo dauert et bis en eng SMS schreift (säin allerléifsten Hobby, anscheinend) bis den Zuschauer sech drun erënnert, datt et net de Sherlock Holmes aus dem 19. Joerhonnert ass.

Geschriwwe gouf Sherlock vum Steven Moffat (dee fir de Reboot vun Dr. Who verantwortlech ass a mam Edgar Wright zesummen d’ Dréibuch fir deen neien Tintin geschriwwen huet) a vum Mark Gatiss (fréieren Auteur a Schauspiller fir League of Gentlemen), deen och selwer an der Série matspillt. Mat Hëllef vun deenen zwee immens cleveren Scénaristen huet Sherlock et fäerdegbruecht eng gutt Balance tëscht Spannung, Vitesse an Humor ze fannen, an dobäi nach dem Doyle trei ze bleiwen. D’ Ëmsetzung ass duerchaus originell, ech ginn dëser éischter Episod ****/**** a recommandéiere se jidderengem, dee Loscht op e gudde Krimi mat gudde Charakteren huet.